Dat deen Ament um nationalen Niveau: Gratis si vun dann un d'Transporter vun CFL, Luxtram, RGTR an TICE. Ma och d'Servicer vun der Ville de Luxembourg, also d'Städtesch Busser (AVL).
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet kritiséiert, dass een als Stad Lëtzebuerg net gefrot gouf, fir zesumme mam Transportministère virun d'Press ze goen. De Minister hat jo e Méindeg eng Pressekonferenz ginn, fir den Datum matzedeelen, vun deem un dann déi ëffentlech Transporter gratis sinn.
"Wann een eng Reform mécht, muss een ëmmer mat Kritike rechnen", dat wier hie gewinnt, sot e Méindeg den Owend de Mobilitéitsminister François Bausch am Interview op RTL Tëlee Lëtzebuerg am Kader vun der Annonce, dass op den 1. Mäerz 2020 den ëffentlechen Transport hei am Land gratis gëtt. Hien hätt an de leschte Woche vill Iwwerzeegungsaarbecht geleescht, och bei de Gewerkschaften, mä dat wier normal, dass sou eng Reform diskutéiert gëtt. Et wier elo mol wichteg, dass den Datum steet an d'Leit sech kënnen drop astellen.
Ugeschwat op verschidde Kritiken, huet de Minister Versteesdemech gewisen. Zum Beispill wat déi iwwerfëllte Bussen an Zich uginn oder déi vill Retarden. D'Leit hätte Recht zum Deel nach ëmmer net zefridden ze sinn, sou de François Bausch. Et géifen den Ament vill Schantercher ginn, um CFL Reseau, den Tram, mä et wäert ee richtegen Investitiounschub kommen an den nächsten 3 bis 4 Joer. Vun 2022 respektiv 2023 un géifen d'Leit spieren, wéi déi Qualitéit sech wesentlech verbessert huet.
Sollt dee ganzen Investitiounsprogramm nach des Legislaturperiode kënnen ëmgesat ginn, géif Lëtzebuerg ouni Zweiwel eng Virreiderroll am ëffentleche Verkéier iwwerhuelen, an dat och international weisen, sou een iwwerzeegten Mobilitéitsminister.
De François Bausch huet nach eemol betount, dass hien de gratis ëffentlechen Transport als eng Kadermesure gesäit, eng sozial Mesure, déi an sengen Aen net onwichteg ass. Zemools Leit mat engem Mindestloun kéinten hei zousätzlech nach eemol 440 Euro d'Joer méi zu hirer Verfügung hunn, well se kee Joresabonnement muss bezuelen. Dat wier net ze ënnerschätzen, gouf de Minister nach eemol ze bedenken.
De Mobilitéitsminister huet och nach eemol op d'Ängschte vun de Gewerkschafte reagéiert, dass Personal kéint ofgebaut a weider Guicheten op de Garen zougemaach ginn. De François Bausch huet Entwarnung ginn a sot, dass d'Personal an de Schalter net verschwënnt. Et misst een awer realistesch sinn, déi meescht Leit géifen hiren Ticket haut iwwert den digitale Wee kafen. Et géif een an Zukunft vläicht éischter op de Wee vu sougenannten Info Pointen goen a méi Präsens op de Quaie markéieren. D'Personal vun der Bunn sollt awer net d'Roll vun der Police iwwerhuelen, sou nach de François Bausch op RTL Tëlee.
Et ass kloer, datt d‘Stad Lëtzebuerg den ëffentlechen Transport wäert gratis maache, dat sot d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, déi awer bedauert, datt et virun der Pressekonferenz e Méindeg de Moie keng gemeinsam Reunioun mam Transportminister François Bausch gouf an d’Stad Lëtzebuerg net zesumme mam Ministère virun d’Press getrueden ass.
Op der Presentatioun e Méindeg de Moie war den AVL net mat opgelëscht bei den Transportmëttel, déi vum nächste Joer u gratis wäerte ginn. Um technesche Plang géinge sech nach eng Partie Froe stellen, déi dann elo bis den 1. Mäerz 2020 regléiert misste ginn, seet d’Lydie Polfer.
Fir d’Stad Lëtzebuerg entfalen d’Recettë vu ronn 16 Milliounen Euro eleng fir d’Busser vun der AVL, dobäi kommen awer och nach d’Recettë vum Tram, dee jo och gratis gëtt a wou d’Stad Lëtzebuerg jo och mat Partner ass.
Op der Pressekonferenz e Méindeg de Moie waren och international Medie vertrueden, zum Beispill France3.