
D’Police mécht an deem Zesummenhang en Zeienopruff. Falls een eppes an der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg an deene Géigende sollt gesinn hunn, wat am Zesummenhang mat den Abréch an d’Autoe steet, dee soll sech w.e.g. bei der Police vu Réimech/Munneref mellen, via Telefon um (+352) 244 77 1000 oder via E-Mail op police.remichmondorf@police.etat.lu.
D’Police mécht dann och nach emol e Rappell, wéi ee sech géint Abréch an Autoe schütze kann.