Presseiesse vun déi LénkVum grouss annoncéierte "Lëfte" virun 10 Joer ass net méi "vill iwwereg"

Fanny Kinsch
Op hirem Presseiesse hunn déi Lénk net mat Kritik un der Regierung gespuert. D'DP wier zefridde mam Status Quo an LSAP a Gréng wiere frou, dobäi ze sinn.
Presseiesse vun déi Lénk
Et gouf net mat Kritik un der Regierung gespuert.

An der Welt brennt et, mä an der Chamber ass Stëllstand a kee Gefill fir d’Urgence, soen déi Lénk, déi en Dënschdeg de Bilan vum parlamentaresche Joer, vun der Legislatur a souguer vun den 10 leschte Joer gezunn hunn. Néideg a méi radikal Mesure géife blockéiert ginn. Virop vun der DP. Déi géif sech zefridde gi mam Status Quo. LSAP an déi Gréng géife matlafen, nom Motto “Dabei sein ist alles!”

Bilan Déi Lénk / Reportage Carinne Lemmer

Vum Lëften, dat virun 10 Joer groussaarteg ugekënnegt gouf, wär net méi vill iwwreg. D’Chamber wär eng kleng Bull fir sech an net representativ. An der Chamber géife sech vill Deputéiert doheem spieren. Et wär en “entre-soi”. Déi Lénk si jo géint Duebelmandater. An hirer Partei ass dat och net méiglech. Am Parlament géifen awer eng Rei Député-mairë sëtzen, déi dacks net do sinn an de Mond net opmaachen. Dat wär “en Hohn”.

Déi Lénk wëllen och net mat der ADR an en Dëppe gehäit ginn, wann et heescht, datt mat hinne keng Koalitioun méiglech wär, well se ze extrem wären. Zu Esch a mam Änder Hoffmann hätt ee bewisen, datt ee mat hinne kéint schaffen.

Bezuelbar Wunnenge fir jidderee sinn eng Haaptfuerderung vun déi Lénk. Déi rezent Enquête vun der Konkurrenz-Autoritéit géif weisen, dat Promoteure sech beräichert hätten. Dowéinst wäerten déi Lénk an enger neier Chamber eng parlamentaresch Enquêtëkommissioun fuerderen. Well an der Logementskris géif et Responsabilitéiten a Profiteure ginn.

Déi Lénk sinn um Presseiessen och op de Krich an der Ukrain an hir Haltung ugeschwat ginn. Et wär ee ganz kloer op der Säit vum Aggresséierten, also der Ukrain. Et wär een aktuell net géint Waffeliwwerungen, mä géif se awer kritesch gesinn. Déi Lénk sinn och zanter hirer Grënnung fir en Austrëtt aus der NATO. Eng aktiv Fuerderung gëtt et awer de Moment net, well een an enger neier Situatioun wär. Eng Diskussioun wär berechtegt.

Back to Top
CIM LOGO