Den 1. September 1966 huet d'Kannerklinik hiren éischte klenge Patient opgeholl. No méi wéi aacht Joer Bauzäit war si d'Resultat vun enger ierfgroussherzoglecher Initiativ an engem onermiddlechen Asaz vun der Dr. Armande Pütz an anere Pediateren, déi scho laang esou en Etablissement gefuerdert haten.
Wéi d’Spidol 1976 Deel vum Centre Hospitalier de Luxembourg gouf, hunn déi meescht Medezinner de “Plein temps hospitalier” refuséiert, fir weider liberal kënnen ze praktizéieren. Den Dr. Schroell erzielt, wéi hien Ugangs den 80er Joren dobäi koum a wat fir Fortschrëtter een trotz der klenger Ekipp konnt maachen. Mat der Dr. Gomes kucke mer, wéi d'Kannerklinik haut opgestallt ass a wat fir eng Defien d'Behandlung vu jonke Patiente mat sech bréngt.