
Aktuell si 15 Persounen hospitaliséiert, 2 Patiente sinn op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.289.323 Impfdosisse genotzt. Bannent de leschte 24 Stonne goufen 185 Impfunge gemaach.
Bei 58 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.
De Positivitéitstaux läit bei de PCR-Tester bei 18,59 Prozent.
D’Reproduktiounszuel läit bei 0,89. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.