Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.354 PCR-Tester waren der 342 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhin op 1.107 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell si 24 Persounen hospitaliséiert, 3 Patiente sinn op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.288.367 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,94. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Den Taux de positivité louch bei 25.3 Prozent.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO