An der Nuecht op en DënschdegVun 185 kontrolléierten Automobilisten haten der 24 gedronk, 10 Permise fort

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet huet d'Police an der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg Alkoholkontrollen zu Fëlschdref an op der N16 bei Réimech duerchgefouert.
© RTL Archivbild

Tëscht Hallefnuecht an 1 Auer stoung d’Police an der Dräikantonsstrooss zu Fëlschdref ze kontrolléieren, tëscht 2 a 4 Auer op er N16 tëscht Elleng-Gare a Réimech.

Am Ganze goufen 185 Automobiliste kontrolléiert, och ouni Indice op en alkoholiséierten Zoustand. A 24 Fäll war den Otemtest positiv an et goufe Protokoller verdeelt. 10 Permise waren nach op der Plaz fort.

Zwee Protokoller mat juristesche Suitte krut nach ee weidere Chauffer, deen net just den Uerder vun der Police net befollegt huet, ma och ënnert dem Afloss vun Droge gefuer ass. An engem anere Fall krut en Automobilist e Protokoll, well d’Geliits op sengem Won net an der Rei war an een anere Chauffer konnt keng valabel Assurance vu sengem Gefier virweisen.

Back to Top
CIM LOGO