
Aktuell si 26 Persounen hospitaliséiert, dovunner 8 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 785.963 Impf-Dosisse genotzt. 273 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 386 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.