PoliceVun 592 Alkoholkontrolle waren der 27 positiv, 3 Fürerschäiner agezunn

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet hat d'Police an der Nuecht op e Samschdeg tëscht 23 Auer an 3 Auer moies op verschidde Plazen am Land Alkoholkontrolle gemaach.

Et gouf kontrolléiert beim Rond-point Fridhaff a Richtung Norden, zu Stroossen op der Areler Strooss, um Briddel an der Rue de Luxembourg an um Bridden an der Rue Biergerkräiz.

Alles an allem goufen 592 Automobiliste kontrolléiert. A 27 Fäll war den Alkoholtest positiv. 3 mol huet de Fürerschäin nach mussen op der Plaz agezu ginn.

Géint 1 Auer um Samschdeg gouf et dann nach eng Vitesskontroll zu Heeschdref an der rue de Luxembourg. 3 Chauffere waren hei ze séier ënnerwee, wouvunner een dann och ënner Alkoholafloss stoung. Dee krut de Fürerschäin ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO