Coronavirus zu LëtzebuergVun 834 PCR-Tester waren der 101 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.122 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 10 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.289.957 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfungen si Boosteren: 301 waren ergänzend Dosen, wärend sech just 3 Leit fir eng éischt Impfung decidéiert hunn. Bei 1 Persoun war et déi zweet Dosis.

Bei 31 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO