
Op Nofro zum leschte Wocheréckbléck äntwert d’Santé, dass vun den 11 Persounen, déi tëscht dem 29. November an dem 5. Dezember u Covid-19 gestuerwe sinn, 4 Persoune geimpft waren a 7 guer net, also och keng éischt Dosis haten. D’Santé betount dann awer, dass een dat sollt a Relatioun setzen, well jo méi Leit an der Populatioun geimpft sinn, wéi net geimpft. Am ganze Joer 2021 hu bis ewell 380 Persounen eng Corona-Erkrankung net iwwerlieft, dovunner waren der 265 (70%) guer net geimpft, 46 Persounen (12%) ware komplett geimpft an 69 Leit (18%) haten eng onkomplett Impfung. D’Santé präziséiert dann nach: “Bei deene komplett geimpften ass den Doud am Duerchschnëtt ongeféier 20 Wochen (140 Deeg) no der leschter Impfdosis geschitt.”
Kuckt een d’Zuelen vun Ufank September u bis elo, wou jo e gréisseren Deel vun der Populatioun scho konnt geimpft ginn, sou sinn 59 Persounen u Covid-19 gestuerwen. Dovunner waren der 29 komplett geimpft an 29 guer net. 1 Persoun war nach net ganz geimpft.
