
Dës sougenannt Virleeferkompetenze vum Liese kënne scho bei Kanner an der Spillschoul op eng spilleresch Manéier gefërdert ginn. Dat hëlleft de Kanner dobäi, spéiderhi besser Liesen ze léieren, wéi eng Etüd vun der Uni Lëtzebuerg viru Kuerzem gewisen huet. Et gouf heifir e spezielle Fërderprogramm ausgeschafft, dee Lala heescht, an deen zum Zil huet, d‘Virfreed op d'Acquisitioun vun der Schrëftsprooch bei klenge Kanner ze erwächen an hinne wichteg Grondkompetenze mat op de Wee ze ginn, déi si spéiderhi fir d'Liesen- an d'Schreiweléiere brauchen. De Programm soll besonnesch Kanner aus benodeelegte Situatioune besser Bildungschancen duerch eng fréi an zilorientéiert Fërderung ginn. E gëtt als Deel vum normale Klassenunterrecht duerch den Enseignant an der Spillschoul duerchgefouert an d’Kanner ginn am Programm duerch de Papagei Lala begleet, deen aus dem Brasilianeschen Amazonas kënnt.
Doduerch, datt d’Schoulen awer elo zou sinn, ginn elo dann och keng Kanner méi vum Lala besicht. Eng Situatioun, déi d’Enseignantë bedaueren, déi mam Programm schaffen. Et gouf no Weeër gesicht, datt d’Kanner och op Distanz kéinte mam Lala léieren. Iwwert e speziell zu dësem Zweck kreéierte Youtube-Channel ass dat elo méiglech. D’Kanner kënnen hei dem Lala seng Lidder a Geschichte lauschteren, an dat op Lëtzebuergesch an op Portugisesch.
«Et ass zwar net ideal, mat Elementer vum Programm ze schaffen, wann de komplette Programm net an der Schoul selwer duerchgefouert gëtt, mä vu datt mir allgemeng vun engem idealen Unterrechtsscenario ewech sinn, hu mir eis decidéiert, verschidde Ressourcë vum Programm an der Zäit, wou d’Schoulen zu Lëtzebuerg zou sinn, alle Kanner zur Verfügung ze stellen», seet d’Pascale Engel, déi d’Lala-Konzept ausgeschafft huet.
„Besonnesch bei eise ganz Klengen ass digitaalt Léieren net ouni Erausfuerderungen. Iwwert d’Video-sharing Plattform Youtube, mat engem einfachen Accès fir jiddereen a mat altersgerechte Ressourcen a verschiddene Sproochen hoffe mir dofir vill Kanner an hir Elteren z'erreechen.“
De Kanal gëtt iwwert déi nächst Wochen nach weider ausgebaut.
„Eng Iddi ass zum Beispill déi, och den Elteren hir Kompetenzen ze stäerken, d‘Sproochentwécklung bei hire Kanner doheem besser ënnerstëtzen ze kënnen, an dat och iwwert de Wee vun der Mammesprooch. Idealerweis sollen Elteren an Enseignanten d’Liesfërderung vum Kand zesummen ënnerstëtzen."
