
Fir sech kënnen impfen ze loossen, muss een entweder Resident hei am Land sinn oder d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. An et muss ee vun der Lëtzebuerger Krankeversécherung couvréiert sinn, fir kënnen e Rendez-vous ze huelen. Donieft muss ee fir eng Impfung op d’mannst 18 Joer al sinn.
De Grand-Duché krut leschte Freideg iwwer een EU-Kontrakt 1.400 Dosisse Vaccin geliwwert. Am Ganze krut d’EU 160.000 Dosissen. D’Weltgesondheetsorganisatioun ënnersträicht, dass sech de Virus aktuell virop ënner Männer verbreet, déi Sex mat anere Männer hunn, a bedeitend méi bei Leit, déi verschidden an ëmmer nees aner Partner hunn. Dowéinst gëtt och deene Leit geroden, sech preventiv impfen ze loossen.