CoronavirusVun nächster Woch u kann den Test och hei am Land gemaach ginn

Tim Morizet
Pierre Weimerskirch
Zanter Wochen hält de Coronavirus d'Welt an Otem. D'Weltgesondheetsorganisatioun huet d'Ustiechungsgefor uechtert d'Welt mëttlerweil op héich agestuuft.
Staatslabo vun nächster Woch u prett fir Corona-Virus-Tester
Wann et zu Lëtzebuerg sollt zu engem Fall mam Corona-Virus kommen, géif den Diagnostik dës Woch nach iwwert e Labo zu Berlin oflafen.

30/01/2020 BAND Corona 07h30 MORIZET

Wann et zu Lëtzebuerg sollt zu engem Fall mam Coronavirus kommen, géif den Diagnostik dës Woch nach iwwert e Labo zu Berlin oflafen. D'nächst Woch wier de Labo zu Lëtzebuerg awer och prett.

Den Dr. Vic Arendt: "Ab nächster Woch soll de Staatslabo den Test stoen hunn. Da kënne mer domat rechnen, datt mer innerhalb vun e puer Stonnen eng formell Diagnos hunn."

Ewéi bei der normaler Gripp, wier keen ausgeschloss, fir sech mam Virus unzestiechen, heescht et aus dem CHL. Zu méi fatale Konsequenze kéint et awer fir eeler Persounen a Leit mat engem geschwächten Immunsystem kommen.

D'Zuel vun de Doudegen um neien déidleche Coronavirus a China geet kontinuéierlech an d'Luucht. 132 Mënschen hu bis ewell hiert d'Liewe gelooss. D'Zuel vun den iwwer 6.000 Infizéierten ass elo och méi héich ewéi wärend der Sars- Epidemie vun 2002/2003.

Vun enger reegelrechter Hysterie wier awer net ze schwätzen, esou den CHL Virolog Dr. Vic Arendt: "Déi absolut Zuel vun Doudesfäll justifiéiert dat den Ament net. Et ass méi déi Inconnue, déi de Leit an eis Angscht mëscht."

De Krisemanagement vu China mat de sëllege Quarantainë wier, zu enger Period wou de Virus sech an enger héijer Vitesse verbreet, net iwwerreagéiert. Luewenswäert wär déi séier Kollaboratioun vun de chineseschen Autoritéiten.

Et géif den Ament uechter d'ganz Welt um Virus getest a recherchéiert ginn. Esou wär et engem australeschen Team gelongen, de Virus ze ziichten. Hei géif den Ament un engem Géigemëttel geschafft ginn.

Corona-Virus
3 nei Fäll an Däitschland, nees a Bayern, am Grand-Duché nach kee Fall... De Fluchverkéier a China gëtt ëmmer méi ageschränkt.

Leit aus dem Ausland ginn evakuéiert

Länner ewéi Japan an d'USA hunn iwwerdeems ugefaangen honnerte vun hire Staatsbierger aus der Stad Wuhan ze evakuéieren.

Iwwerdeems hunn och iwwer 600 Europäer gefrot, fir kënnen aus dem Land geflunn ze ginn. Dat huet d’Europäesch Unioun e Mëttwoch annoncéiert. Et wieren dat Leit aus der Belsch, Bulgarien, Éisträich, Spuenien, Finnland, Frankräich, Italien, Lettland, Holland, Polen, Portugal, Rumänien an aus Groussbritannien. Wéi den Direkter vum EU-Katastropheschutz, den Johannes Luchner, erkläert huet, géif et sech beim Rapatriement ëm eng komplex Operatioun handelen, well een d’Leit net einfach an ee Fliger setze kéint a se heem fléie kéint. D’Leit misste virdrunner duerch ee Screening goen.

An de nächsten Deeg soll op EU-Niveau eng extra Reunioun virgesi ginn, wou sech d’Gesondheetsminister solle wéinst dem Coronavirus gesinn. Déi Reunioun gëtt vun der kroatescher Presidence organiséiert.

Sécherheetsmesuren a China weider verschäerft

D'chinesesch Autoritéiten hunn iwwerdeems d'Sécherheetsmesure weider verschäerft. D'ëffentlech Liewen ass op ville Plazen zum Stëllstand komm. Zuchverbindunge goufe gestrach, an eng ganz Provënz bleift weider ënner Quarantän.
International Experte gi mëttlerweil och dovun aus, datt den Ausbroch vum Virus Repercussiounen op d'chinesesch Wirtschaft wäert hunn.

Méi ewéi 56 Millioune Mënschen an 20 verschiddene Stied uechter China kruten un d'Häerz geluecht hir Wunnenge just an essentielle Fäll ze verloossen.

Flich a Richtung China an zeréck annuléiert

Och international ginn et Limitatiounen am Fluchverkéier. Esou hunn Airlinnen ewéi United, Air Canada, an Cathay Pacific Flich a China ofgesot oder limitéiert. D'British Airways a Lufthansa gounge souguer e Schrëtt méi wäit, hei kann ee keng direkt Flich méi a China an zeréck bis Mäerz buchen.

Back to Top
CIM LOGO