RTL huet nogefrot, wéi exzeptionell dat Wiederphenomen ass, a wat d’Repercussiounen op Planzen an Déiere sinn.
De Grond fir dëst Gefill vu Fréijoer am Hierscht ass e Klimaphänomen mam Numm La Niña, dat op der Nordhallefkugel fir déi momentan héich Temperature suergt.
E Rekord gouf am Oktober awer net gemooss, wéi de Klimatologe Andrew Ferrone erkläert.
Andrew Ferrone: “Den Temperaturrekord, dee bis elo am Oktober opgezeechent ginn ass, dat war de 26. Oktober 2006. Do goufen zu Ettelbréck 27,9 Grad gemooss.”
Bis elo war et just dee 6.-wäermsten Oktober zanter der Wiederopzeechnung. Dee wäermste war 1921. Ma et wier ze gesinn, datt sech déi héich Temperaturen am Oktober an de rezente Jore géingen accumuléieren. An dorunner ass dann net d’Wiederphänomen La Niña schold, mee de Klimawandel.
Andrew Ferrone: “Alleguerten d’Méint zu Lëtzebuerg gi méi waarm. An der Moyenne si mer am Joer bei 1,5 Grad par rapport zu der preindustrieller Zäit eropgaangen zu Lëtzebuerg. Mir gesinn eng Tendenz no uewen. Mer gesinn och, datt d’Waarm-Extremer zouhuelen.”
D’Summerdeeg mat Temperature vun iwwer 25 Grad hu sech iwwert d’Joer gesinn an de leschte 60 Joer quasi verduebelt. Fir d’Geméisgäertner huet de waarmen Oktober Vir- an Nodeeler, wéi de Claude Kirsch betount.
Claude Kirsch: “Engersäits, mer hu Kulturen, déi mer wéinst der Dréchent an der Hëtzt am Summer net konnte mat Zäiten ufänken. Dës profitéieren elo nach dovunner, fir grouss ze ginn. Et huet awer allerdéngs och en Nodeel, dass munch Saachen, wéi zum Beispill Onkraut nach an de Som geet. An dann hu mer d’nächst Joer de Problem mat deem Som zousätzlech am Buedem, wat ons einfach Schwieregkeete mécht.”
Déi héich Temperaturen hunn also en Afloss op d’Gäertnerei. Awer och d’Fauna wäert net onbeaflosst bleiwen.
Wann et keng Wantere méi ginn, géing sech och bei den Déiere sou munches veränneren, seet d’Sandra Cellina vun der Naturverwaltung.
Sandra Cellina: “Et kommen aner Planzen, et kommen aner Déieren, respektiv si passe sech un. Et ginn Déieren, déi normalerweis eng Wanterrou gemaach hätten, déi dat elo manner maachen. Wann et dann awer nees zu engem Wanterabroch kënnt, da si se natierlech net prett.”
Kommend Woch soll dann nees méi normaalt Hierschtwieder ginn. Mat Reen an Temperature vun ëm déi 13 Grad, wat der duerchschnëttlecher Dagestemperatur vun Oktober entsprécht.
