No Dräikinneksdag an Niklosdag huet d’Asbl “Noël de la Rue” eng drëtte Kéier d’Aktioun “Eng Zopp fir d’Strummerten” organiséiert. Um Parvis vun der Stater Gare hunn d’Benevollen a kuerzer Zäit dräi grouss Zelter opgestallt a lass goung et.
Déi Äermst aus eiser Gesellschaft hunn eng waarm Zopp, Bréidercher an eppes ze drénken offréiert kritt. Ausserdeem goufe Kleeder un d’Leit verdeelt.
Schüler aus dem Diddelenger Lycée Nic Biever hu matgehollef. Si hunn de ganzen Dag iwwer d’Bréidercher preparéiert.
Ronn 200 Mënschen, déi um Bord vun eiser Gesellschaft liewen, hu vun dësem Geste profitéiert. An dëser kaler Joreszäit si si frou, d’Hand vun anere Leit ausgestreckt ze kréien. Si si frou, däerfen hir Suergen anere Leit unzevertrauen a sinn dankbar, wann hinne fir e kuerze Moment nogelauschtert gëtt.
Schonn zejoert op Liichtmëssdag hat d’Asbl dës Aktioun organiséiert.