Neijoerschpatt vun de PrivatwënzerWäistuffe géifen Oenotourismus zu Lëtzebuerg méi attraktiv maachen

Pierre Jans
Net nëmmen d‘Baueren, mee och d‘Wënzer erhoffe sech vun der neier Regierung méi Ënnerstëtzung. Oder besser gesot: Vereinfachung.
Wäistuffen géifen Oenotourismus zu Lëtzebuerg méi attraktiv maachen
Net nëmmen d‘Baueren, mee och d‘Wënzer erhoffe sech vun der neier Regierung méi Ënnerstëtzung. Oder besser gesot: Vereinfachung.

Nom Wäibauinstitut en Donneschden haten e Freiden d‘Privatwënzer op den Neijoerschpatt invitéiert. D‘Paperassë fir d‘Saisonsaarbechter, d‘Hürden, fir an de Wéngerte bauen ze dierfen – alles dat géif hinnen d‘Liewe schwéier maachen. De Guy Krier huet virun 10 Joer an eng Wäistuff direkt beim Keller investéiert.

Hie bereit dat keng Sekonn. Wäiprouwen, Seminären, flott Soiréeën. Op d‘Joer gekuckt, géif d‘Annex him een neie Client den Dag bréngen.

Och aner Privatwënzer géife gär expandéieren a vun enger Wäistuff profitéieren. An den enke Miseler Dierfer ass dat dacks awer net méiglech, mä an der Natur zanter Blo-Rout - a virun allem Gréng, ass et och komplizéiert, wéi de President vun de Privatwënzer Guy Krier erkläert.

“Et muss ee ganz restriktiv bauen. Et si véiereckeg Halen, déi mat Holz vertäfelt ginn. Nëmme ganz wéineg Fënstere sinn erlaabt. Dann däerf ee just ee Raum maache fir Wäiprouwen, an deenen d‘Cliente just stoe sollen. Mat Oenotourismus huet dat näischt ze dinn.”

De Privatwënzer hofft, dass CSV an DP sech un hire Koalitiounsaccord halen. Déi zoustänneg Ministesch schéngt verstanen ze hunn.

D‘Martine Hansen sot am RTL-Interview: “Ee Schratt ass, dass mir d‘Naturschutzgesetz wëllen upassen, dass Wäistuffen an der Gréngzon beim Betrib kënnen erlaabt ginn. Dat gëtt et am Ausland. An dat ass fir eis Wënzer definitiv en Nodeel, dass dat a leschter Zäit net méi erlaabt war. Och do maache mir Ouverturen.”

“Och” heescht: et soll eng Léisung fir de Statut vun de Saisonsaarbechter ausgeschafft ginn. D‘Reglement wär virop a punkto Aarbechtsdokter méi streng ginn, fir dräi Woche Lies ze streng, fannen d‘Wënzer. Dräi Wochen, an deene quasi all Minutt zielt, gëtt de Guy Krier ze bedenken:

“Et kënnt ee moies un an et mécht een eng Stonn Paperassen, ier ee mat de Leit an de Wéngert kann. Dann ass een nach net onbedéngt en règle, well dann huet nach net jidderee säin Ziedel vum Dokter. Da misst ee jo dann nach Rendez-vousen froen.”

De Landwirtschaftsministère an dee fir d‘Aarbecht géife schonn un enger Léisung dokteren.

D‘Privatwënzer setze sech fir e responsabelen Ëmgank mam Alkohol an. An awer ass ee frou, dass de Lëtzebuerger am Duerchschnëtt 40 Liter Wäin am Joer drénke géif. Et gëtt e B-Moll, erkläert de President vun de Privatwënzer: “vun deene 40 Liter sinn nëmmen 9 Liter Lëtzebuerger Wäin. Dat sinn déi neiste Chifferen, déi ech krut. Dat mécht engem scho Suergen. De Lëtzebuerger Wäin huet vill u Qualitéit gewonnen. Den Image geet och erop. Trotzdeem kréie mir de Konsum vum Lëtzebuerger Wäin net stabil gehalen. En ass souguer réckleefeg. Mat der Ausnam vum Lëtzebuerger Cremant awer.”

Do geet de Krees dann zou: well d‘Privatwënzer sinn iwwerzeegt, dass e méi attraktive Wäintourismus hinne géif den néidegen Driff ginn. Mat Wäistuffen direkt beim Keller.

Back to Top
CIM LOGO