Zeremonie beim Lancaster-MonumentWäiswampech erënnert u gestuerwen alliéiert Zaldoten

Marc Hoscheid
An dëse Woche gëtt queesch uechter d'Land un d'Befreiung vu Lëtzebuerg virun 80 Joer erënnert.
© Marc Hoscheid

E Samschdeg gouf tëscht Wäiswampech an dem belschen Ouren dem Ofschoss vun zwou alliéierte Lancaster-Maschinnen an dem Asaz vum 112. Infanterie-Regiment vun der US-Army geduecht.

Wäiswampech/Reportage Marc Hoscheid

Bei guddem Wieder haten nawell eng Partie Leit de Wee op d’Commemoratiounsfeier an der Nordspëtzt vum Land fonnt. An der Nuecht vum 12. op den 13. August 1944 goufen déi zwee Militärfligere vun der däitscher Flack an d’Viséier geholl. Den Nicolas Henrotte war deemools 12 Joer al, hie beschreift den Ofschoss vun enger vun de Maschinnen.

“Mir waren dobaussen, mir hu gesinn, wéi dee Fliger ugefaangen huet ze brennen an deen huet sou zirkulär Beweegunge gemaach, ëmmer méi déif. An am leschte Moment kritt en d’Kéier fir dohinner, 500 Meter vum Duerf. Do rennt en an ee Bësch, deen op engem Hiwwel war. Do explodéiert en dann an et huet déi ganz Nuecht geknuppt a gebrannt.”

U Bord vun den zwee Bomber, déi innerhalb vun zwou Stonnen ofgeschoss goufen, ware 14 Zaldoten aus England, Kanada an Neiséiland. 13 vun hinnen hunn hiert Liewe gelooss, ee koum an däitsch Gefaangenschaft. Déi lokal Populatioun gouf vun de Besatzer ugestallt, d’Läichen anzesammelen. Ma du koum et zu enger Aktioun, mat där déi Däitsch net gerechent haten, esou den Henri Rinnen, President vum Syndicat d’initiative Wäiswampech-Beeler-Leetem.

“Wéi du sonndes een Ochsegespan mat de Läiche vun deenen zwou Besatzungen aus dem Ourenerweg an d’Duerf erakomm ass, huet sech spontan eng Prozessioun hannert dem Gespan gebilt an huet se bis an d’Duerf begleet.”

Fir ze evitéieren, datt déi alliéiert Zaldoten zu Wäiswampech wéi Helde begruewe géinge ginn, goufen hir Läichen nach owes an Däitschland transportéiert. Fir un hiren Asaz ze erënneren, gouf 2004 d’Lancaster-Monument ageweit.

Beim Gemengenhaus gouf dono nach 12 Zaldote vum 134. Infanterie-Regiment, déi beim Kampf ronderëm Wäiswampech hiert Liewe gelooss hunn, geduecht. D’Schluecht huet zwar just vum 24. bis de 26. Januar 1945 gedauert, war awer ganz intensiv an hat och schlëmm Repercussioune fir d’Zivilpopulatioun. Den Erny Kohn, President vum Cercle d’Etudes sur la Bataille des Ardennes.

“Wärend der Schluecht vum 25. Januar verbrennt mëttes géint véier Auer d’Haus vum Nicolas Hoffmann. Hien a seng Famill souzen zur gläicher Zäit nach am Keller. A wéi si aus deem Keller rauslafen, siche se no enger anerer sécherer Stopp, wärenddeem geet de Beschoss weider. D’Madamm Hoffmann gëtt um Aarm schwéier blesséiert, si kënnt op Esch an d’Spidol, do kritt si dee rietsen Aarm amputéiert, hire Jong de Josy gëtt liicht blesséiert, hiert Meedchen, d’Alice, gëtt schwéier blesséiert.”

Nieft de Kämpf hätt och dat extreem kaalt Wieder esouwuel Zaldote wéi Zivilisten zougesat. Wäiswampech wier nom Krich een zerschloent Duerf gewiescht. Et wier wichteg, déi schrecklech Evenementer vu virun 80 Joer net ze vergiessen.

Back to Top
CIM LOGO