Invité vun der Redaktioun (12. Juli) - Viviane RedingWalkampf net op eege Fauscht, ma nëmme mat der CSV-Ekipp

Pit Everling
En Donneschdeg de Moie war d'Viviane Reding eis Invitée am Studio.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Viviane Reding
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Walkampf op eege Fauscht mécht een net, sot d'Viviane Reding en Donneschdeg de Moien. Si war eis Invitée vun der Redaktioun.

No bal 3 Joerzéngten zitt d'CSV-Politikerin e Stréch ënnert hir europapolitesch Carrière.

Et géif nëmme mat der Ekipp goen, dowéinst hätt si och hir Europapolitik duerch kritt. An och hei am Land kéint ee just als Ekipp Wale gewannen. Dat huet d'Viviane Reding ënnerstrach, wéi si drop ugeschwat gouf, ob si virun enger Zäit net eegestänneg fir sech Reklamm gemaach hätt fir d'Walen.

D'Viviane Reding

Hir Ausso deemools am RTL-Interview: Si kéint vill, wär falsch verstane ginn. Si hätt wëlle soen, et gi vill Saachen ze maachen an enger Regierung. Et géif net ëm deen een oder aneren Dossier goen, sou d'CSV-Politikerin Viviane Reding.

En Donneschdeg de Moie war d'Viviane Reding eis Invitée am Studio.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO