
Am Laf vum Joer fënnt een de Schéifer Florian Weber a seng Schof op 72 Sitten uechtert d'Land, dobäi kommen nach 52 Gréngflächen am ëffentleche Beräich. Sämtlech Sitte sinn Naturschutzzonen a Biotopen, déi duerch d'Schof gebotzt ginn an esou fir Biodiversitéit suergen.
Eng 300 Schof zéien duerch de Süden an Oste vum Land, deen zweete grousse Schofstrupp bleift a Éislek am "Bourengrond" an der Géigend vu Buerschent.
De Florian Weber a seng Fra Myriam Zimmer goufen d'lescht Joer am Februar fir hiren Engagement am Beräich vum Natur- an Ëmweltschutz ausgezeechent.