BuschaufferWann d'Angscht matfiert

Olivier Catani
Mat wéi engen Aggressioune Buschaufferen ze kämpfen hunn a wat gemaach gëtt fir méi Sécherheet.
Wann d'Angscht matfiert
Mat wéi engen Aggressioune Buschaufferen ze kämpfen hunn a wat gemaach gëtt fir méi Sécherheet.

Den Alex Delli Pizzi fiert zanter 16 Joer um Bus. Viru puer Woche wollt moies fréi aus Stad a Richtung Suessem e Passagéier tëscht zwee Arrêten erausklammen. Wéi den Alex him sot, dass dat net erlaabt wier, si beim Mann d’Sécherungen duerchgebrannt. Hien huet dem Chauffer um Hiem gerappt an e Messer erausgeholl.

Reegelméisseg liest oder héiert dovun, datt Buschauffere bei hirer Aarbecht agresséiert ginn an dat net just mat Frechheeten. Verschidde Linne ginn zu bestëmmten Auerzäiten och net méi gefuer.

Mir hunn am Secteur nogefrot, wéi vill Aggressiounen et déi lescht Jore géint Buschauffere gouf, ob se méi heefeg gi sinn? A mir wollte wëssen, mat wéi enge Mesuren een et wëll fäerdeg bréngen, de Buschaufferen hir Aarbecht esou sécher wéi méiglech ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO