.eu amplaz .comWann de Chambersite op Pornositte linkt

RTL Lëtzebuerg
Heiansdo läit tëscht Politik a Pornographie just 1 Klick. Wie sech op chd.lu iwwer eng "chaire" informéiere wollt, konnt bei "chair" landen - plakeger.

Live Chat With Pakistani Girls - Cheating Hidden Cam Porn - Hot Teen On Webcam - Free Gay Cam Videos - Young Teen Porn Cam an esou weider ...

Wie sech um Site vun der Chamber (chd.lu) am Themendossier iwwer d'Kollaboratioun mat der Uni.lu informéiere wollt, dee huet um Wupp vum Artikel "La Chambre soutient la recherche en études parlementaires" e Link fonnt, dee weider Infoen iwwer de Sujet "Chaire parlementaire" annoncéiert huet.

Ma beim Verlinke war wuel e Mëssel bei der Endung geschitt: Déi housch hei nämlech .eu an do ass ee poulriicht op engem Site mat enger Porno-Offer gelant. Wou vill plakeg Haut versprach gëtt.

D'Chamber huet awer séier op d'RTL-Info reagéiert an den Artikel offline gesat!

Wien amplaz Chair awer Chaire am Sënn huet, dee muss hanne .com aginn, well ënnert http://chaireparlementaire.com/ lant een dann, wéi wuel gewënscht, beim Site: "Chaire de recherche en études parlementaires" vun "Chambre des Députés du Luxembourg" an "Université du Luxembourg".

EU oder COM, klengen Ënnerscheed mat heiansdo grousser Wierkung ...

Back to Top
CIM LOGO