D'Corona-Kris verschäerft Inegalitéiten: Caritas warnt, datt méi Leit zu Lëtzebuerg an d'Aarmut rutschen a fuerdert d'Regierung op, deem entgéint ze wierken. Déi chrëschtlech Hëllefsorganisatioun huet en Donneschdeg de Moien hire Sozialalmanach 2020 presentéiert. Schwéierpunkt vun dëser Publikatioun ass am Fong d'Altere vun der Populatioun, ma duerch d'Kris imposéiere sech haut natierlech nach aner Themen.
Am Virfeld vum Premierminister senger Ried zur Lag vun der Natioun huet déi chrëschtlech Hëllefsorganisatioun eng Bestandsopnam vun der sozialer Situatioun vum Land gemaach. Duerch d'Kris géif d'Zuel vun den Aarmen zu Lëtzebuerg an d'Luucht goen, esou d'Presidentin vun der Caritas Marie-Josée Jacobs.
"Mir gesi besonnesch zum Beispill an der Gastronomie an alles, wat mat Hotellerie ze dinn huet, datt et ganz schwiereg ass an datt mer do riskéieren eng nei Zort vun aarme Leit ze kréien, déi eigentlech bis haut ëmmer konnte schaffe goen an hiert Liewe selwer verdéngt hunn an doduerch, datt se hir Aarbecht verléieren oder awer, datt se manner an hirer Paie kréien, datt hinnen Deeler feelen, mir hunn d'Beispill genannt vum Drénkgeld, dat ee ka kréien, besonnesch an der Gastronomie, mä awer och zum Beispill bei de Coifferen, dat ass en Deel, mat deem d'Leit gerechent hunn an deen net méi do ass a wou mer gesinn, datt se et schwéier kréien, fir nach hire Loyer ze bezuelen, dass se et schwéier kréien, fir hiert Liewen nach selwer ze finanzéieren."
Engersäits géif déi aktuell sanitär Kris, déi besonnesch haart treffen, deenen et virdrun och schonn net gutt goung: Obdachloser, Affer vun haislecher Gewalt, Flüchtlingen. Anerersäits géifen awer och nei Leit prekariséiert ginn, esou d'Presidentin vun der Caritas Marie-Josée Jacobs.
"Do komme jo dann och psychologesch Momenter dobäi. Mir wëssen net wat et bedeit an och do mussen dann déi richteg Leit do sinn, fir och Hëllefen ze ginn, wann der op eemol, Dir sidd 40, 50 Joer al, Dir hutt bis dohinner fir Iech a fir Är Famill gesuergt an op eemol geet dat net méi, Dir musst Hëllefe froe goen, datt mer och dat mat der néideger Dignitéit vun de Leit maachen a se encouragéieren, net an der Aarmut sëtzen ze bleiwen, mee wierklech, dee Schrëtt ze maachen, an datt d'Hëllefen dofir do sinn."
An dobäi wier Lëtzebuerg och schonn ouni Kris am Gaangen, dat EU-Land ze ginn, mat de meeschte "working poor", also Leit, déi aarm sinn obwuel se schaffen.
Et dierft een awer och elo wéinst der Corona-Kris d'Lutte géint de Klimawandel net vergiessen, esou de Robert Urbé vun der Caritas, ma et misst een déi zwee zesummen denken.
"Ee konkret Beispill ass wann een elo higeet an et mécht ee wierklech Eescht domat, dass ee seet "eisen Albaubestand, dee muss sanéiert ginn, esou datt en Energie-technesch op der Héicht ass an Energie spueren hëlleft", dann ass dat gläichzäiteg e grousse Konjunkturprogramm fir eist Handwierk."
Déi aktuell sanitär Kris géif weisen, datt d'Leit hir Verhalensweisen duerchaus ännere kéinten, an dat wier och wichteg, fir de Klima ze schützen.
D'Caritas fuerdert weider, datt d'Regierung sech mam Altere vun der Bevëlkerung ausernee setzt - d'Leit missten incitéiert ginn, Kanner ze kréien, an de Pensiounssystem misst iwwerschafft ginn.
"Engersäits ass et net richteg, datt d'Kotisatiounen op 5x de Mindestloun beschränkt sinn. Well dat féiert dozou, datt deen deen 10x de Mindestloun verdéngt, an där Leit hu mer hei am Land, datt dee just den hallwe Kotisatiounsbäitrag bezilt, dat ass eng total Ongerechtegkeet."
Anerersäits misst och d'Maximalrent vun aktuell ronn 8.400 Euro de Mount erofgesat ginn. Wunnengsnout, Steieren an Digitaliséierung an Dateschutz: och an deene Beräicher wënscht d'Caritas sech kloer Propositioune vun der Politik.