Alerte jauneWarnung virun Donnerwiederen, Loft a vill Reen um Samschdeg vu 14 Auer un

RTL Lëtzebuerg
Wéi Meteolux mellt, riskéiert et e Samschdeg am Nomëtteg ongemittlech am Land ze ginn. Vu 14 bis 23 Auer gëllt eng Alerte jaune.
Um Freideg den Owend hat iwwer Lëtzebuerg plazeweis kräfteg gedubbert a gereent.
Um Freideg den Owend hat iwwer Lëtzebuerg plazeweis kräfteg gedubbert a gereent.
© Olivier Juckem

Wéi op Meteolux ze liesen ass, besteet um Päischtweekend de Risk vun Donnerwiederen, déi staarke Wand an zolitte Reen kënne mat sech matbréngen. De Wand soll dobäi mat bis zu 70 Stonnekilometer blosen.

D'Warnung gëllt tëscht e Samschdeg de Mëtteg 14 Auer an 23 Auer owes. An enger éischter Phas war se nach bis Hallefnuecht gaangen.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO