RTL-Presseclub vum 18. NovemberWat ass bis dato vun de Koalitiounsverhandlungen zréckzebehalen?

Roy Grotz
Iwwert d'LSAP an d'Koalitiounsverhandlunge gouf e Sonndeg am Presseclub geschwat.

En décke Mount no de Chamberwale sinn d'Spëtzepolitiker an de Koalitiounsverhandlungen dran. Koalitiounsverhandlungen, iwwert déi net vill bis null public gëtt. Politiker, déi zou si wéi eng Auster, erlieft een net all Dag, ma rout-blo-gréng schéngt sech drop gëeenegt ze hunn, iwwert dee Wee gewëssermoossen e Vertrauenscheck vun deenen Aneren duerchféieren ze wëllen. Bis ewell schéngt nëmme gewosst, dass déi haart Nëss nach net ugepak goufen an dat Ganzt nach e bëssen daueren dierft. An der 1. Dezemberwoch kéinten déi eenzel Parteigremien dann iwwert de Koalitiounsaccord ofstëmmen an ëm Kleeserchersdag kéint déi nei Regierung vereedegt ginn.

Wat ass bis dato vun deene Koalitiounsverhandlungen zréckzebehalen? Doriwwer hunn diksutéiert:

de Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land,

de Claude Karger vum Journal,

den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt,

an de Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort.

Iwwert d'LSAP an d'Koalitiounsverhandlunge gouf e Sonndeg am Presseclub geschwat.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO