Et ass en Thema dat gäre mol d’Gemidder erhëtzt: d’Klappjuegd. All Joer erëm gëtt iwwer Sënn an Onsënn dovun diskutéiert – geschwënn och an der Chamber. D’Petitioun géint d’Klappjuegd huet nämlech bannent nëmmen zwee Deeg déi néideg 4.500 Ënnerschrëfte kritt. Mee wat géing e Verbuet vun der Klappjuegd bedeiten? Wat ass drun un den Argumenter vun de Géigner? A wéi leeft eng Klappjuegd wierklech of?
Et ass den 9. Januar, Rendezvous fir déi lescht Klappjuegd vun der Saison. 55 Jeeër a ronn 20 Kläpper sinn am Gréngewald am Asaz. Ee vun hinnen ass den Eric Dimmer. Virun 12 Joer huet hie säi Juegdschäi gemaach an ass zanterhier aktive Jeeër. Schonn als klenge Bouf ass hie mat sengem Papp a Grousspapp op d’Juegd gaangen, deemools als Kläpper. Haut geet hie pro Saison op ronn 15 Juegte mat schéissen. Hie géing et gär maachen, erzielt den Eric. Et wier virun allem e flott Matenaner, verbonne mat vill Gedold. Heiansdo géing ee vill Déiere gesinn, heiansdo guer keng. Mee et geet net nëmmen dorëms Déieren ze kucken. D’Schéissen an d’Doutmaache vun engem Déier géing natierlech dozou gehéieren, seet hien. Als Jeeër géing ee probéieren de Schoss sou propper wéi méiglech lass ze ginn, fir d’Déier op der Plaz ze erschéissen.
Mam Prinzip vun der Klappjuegd schéngt awer nach laang net jiddereen averstanen ze si – virop de Mike Clemens. D’Petitioun géint d’Klappjuegd, déi hien am November eragereecht huet, huet a Rekordzäit déi néideg Ënnerschrëfte kritt fir an der Chamber diskutéiert ze ginn. Aktuell huet se der méi wéi 6.500.
Den Ausléiser fir d’Petitioun war de Virfall op der A7, wou wärend enger Klappjuegd Wëllschwäin op d’Autobunn gelaf sinn déi dunn gespaart gouf. Dass et och ouni Klappjuegd zu Wëldaccidenter kënnt, wéisst de Mike Clemens. Mä et misst een et net nach provozéiere goen. Net nëmme wiere Mënschen doduerch a Gefor komm, mä him geet et virun allem ëm d’Wuel vun den Déieren, seet de Petitionär. Et dierft net sinn, dass d’Déieren dacks ugeschoss weider lafen an ënnert Quale stierwe géingen.
Dass d’Jeeër no enger Klappjuegd mat Schweesshënn op d’Sich no blesséierten Déiere ginn, wier fir de Mike Clemens keng Léisung fir de Problem. Eng besser Alternativ hätt hien zesumme mat sengen Ënnerstëtzer an no laange Recherchë fonnt. Et misst een d’Juegd de Profien iwwerloossen a sech um Beispill vu Genf orientéieren, wou just Wëllschwäi reguléiert géife ginn.
Fir d’Sandra Cellina awer ass d’Klappjuegd berechtegt. Si ass bei der Natur- a Bëschverwaltung zoustänneg fir d’Juegd. D’Zil vun esou enger Klappjuegd wier dass d’Wëld sech beweegt fir dass een et gesäit a schéisse kann. Mat enger Hetzjuegd wéi ee se a Frankräich oder England kennt, hätt dat näischt ze dinn.
Dem Ofschossplang no solle vun 2018 bis 2021 ronn 17.400 Wëllschwäin a 19.900 Réi geschoss ginn. Beim Recht vum Wëld – also Hirsch, Muffel an Dam – leien dës Zuele bei wäitem méi déif, tëscht 200 a 600 Stéck. Mat Hëllef vu Statistike leet d’Naturverwaltung dës Zuele fest. Deemno wéi vill Wëldschued bleift, gi se entweder erop oder erof gesat. A fir déi Zuelen ze erreechen, wier d’Klappjuegd déi effikasste Method. An de leschten 3 Joer wieren 80% vun de Schwäin an deene Méint geschoss gi wou Klappjuegd war.
Virun allem de Bestand vun de Réi a Wëllschwäi wier schwéier ze reegelen. An déi riichten da Schued un, un den Akerlandflächen an am Bësch wou se jonk Beem uknabberen. Mee wéi eng Léisunge ginn et wann d’Klappjuegd verbuede géing ginn? An dem Sandra Cellina hiren Ae géing et keng aner vertrietbar Alternativ zur Klappjuegd ginn. Falen opstelle fir d’Déieren duerno ëmzebrénge géing net a Fro kommen. Genee sou wéineg wéi dass d’Jeeër nuets op den Héichsëtz ginn.
An och den Eric Dimmer gesäit d’Noutwendegkeet vun der Klappjuegd, schonn eleng duerch seng Fierschter-Ausbildung. Hie fäert, dass d’Leit déi d’Petitioun géint Klappjuegd ënnerschriwwen hunn, net komplett informéiert wieren.
Wéi et mat der Klappjuegd weider geet, gëtt da viraussiichtlech am Fréijoer an der Chamber diskutéiert. Genuch Argumenter ginn et op alle Fall op béide Säiten, bei de Géigner genee sou wéi bei de Verfechter. D’Wourecht awer wäert wuel wéi ëmmer iergendwou an der Mëtt leien.