D’Corona-Kris beaflosst net just de Fonctionnement vu Schoulen, Supermarchéen, Klinicken oder och Restauranten, ma och Déierenheemer musse sech un déi nei Situatioun upassen, fir Personal, Visiteuren a Benevoller ze schützen. Fir déi 75 Hënn an 29 Kazen, déi den Ament am Gaasperecher Déierenasyl op eng nei Famill waarden, bedeit dat ënnert anerem eng nach méi laang Waardezäit.
Zanter 20 Joer scho schafft d'Liliane Ferron am Déierenasyl zu Gaasperech. An där Zäit hätt si scho vill Misär gesinn, ma esou eng Situatioun wéi haut hätt si nach ni erlieft. D'Déierenasyl gesäit sech nämlech gezwongen, seng Diere fir de Public zouzemaachen. An enger éischter Phas hunn déi sougenannt "Gassigänger" missen doheem bleiwen, mëttlerweil goufen awer och d'Adoptioune gestoppt.
"Normalerweis kënne vu méindes bis samschdes d’Leit spadséiere kommen, all nomëttes. Dat hu mer natierlech fir de Public zougemaach. Net nëmmen, fir eis Déieren ze schützen, mä op éischter Plaz, fir dass eis Leit näischt kréien an dass mer kënnen assuréieren, dass d’Déiere gefiddert ginn, propper gemaach ginn an dat Néidegst gemaach kréien.", erkläert d’Liliane Ferron.
20 Salariéen a 5 Benevoller kucken no den Déieren a gi mat den Hënn spadséieren. Bis elo hätt ee glécklecherweis keng Krankheetsfäll. Fir Noutfäll bleift d'Déierenasyl natierlech disponibel, esou d'Liliane Ferron. Hënn oder Kazen, déi fonnt ginn, géifen och elo opgeholl ginn, genee sou wéi Déiere vu Leit, déi an d’Klinik mussen a keen hunn, deen op se oppasst. "D’Leit sollen eis och roueg um 48 13 13 - 1 uruffen an da versiche mer, dat beschtméiglecht draus ze maachen.", esou d’Liliane Ferron.
An der auslännescher Press héiert een ëmmer erëm vun Ausnamesituatiounen an Déierenheemer, ausgeléist duerch d'Corona-Kris an der Angscht virun Infektiounen duerch déi eegen Hausdéieren. Fir Veronsécherungen entgéintzewierken, informéiert de Gaasperecher Asyl dofir aktiv op senger Facebook-Säit. Bis elo hätt een esou Fäll awer nach net gehat.
Bis den 20. Abrëll bleift d'Asyl fir d'Leit vun dobaussen zou. Lafend Adoptioune ginn nach ofgeschloss, mä duerno ass Gedold gefrot – beim Personal, genee sou wéi bei de Leit, déi gär een Déier wéilten adoptéieren.
