Nodeems d’Zënsen eropgaange sinn, ass de Kaf vun enger Wunneng méi deier ginn, wat dozou féiert, dass méi Leit eng Wunneng loune wëllen. D’Konsequenz: Eng staark Hausse vun de Loyeren.
Eigentlech sollten duerch d’Reform vum Loyersgesetz d’Loyeren deels gedeckelt kënne ginn, mä quasi keng Partei war sou richteg d’Accord mat der Propos aus dem Logements-Ministère. Wéi d’Politik an Zukunft mat deem Problem ëmgoe wéilt, ob si am fréiere Land vun de Proprietären iwwerhaapt eppes fir d’Locatairë virgesinn huet a wéi si de Problem wëll ugoen, huet d’Anne Wolff nogefrot. Am éischten Deel vun eiser Serie iwwertreffe sech d’Parteie mat Proposen, fir de Portmonni vun de Locatairen z’entlaaschten. Plus 11,5 Prozent an engem Joer bei de Loyeren. An da kënnt dobäi, datt de Bausecteur Alarm schléit: 1.500 Logementer géifen dëst Joer manner gebaut ginn, bei de Baugeneemegungen ass et en Abroch vun 33%.
Manner Offer bei gläichzäiteg méi Demande an deemno eng Tendenz no Uewe bei de Loyeren. Ass et also awer Zäit fir en neie Präisdeckel?

*bis zum Moment vun der Verëffentlechung haten déi Konservativ a Liberté nach net op eis Ufro geäntwert
Déi Gréng an d’LSAP halen un engem Deckel vun 3 respektiv 3,5 Prozent vum investéierte Kapital pro Joer fir d’Loyere fest. An zur ëmstriddener Rechnung, no där al Gebaier méi deier verlount kënne gi wéi neier: “Dat doten ass e Kompromëss, den Invest soll weiderhin intressant bleiwen an d’Locatairë solle gestäerkt ginn, dat ass wierklech dat Gesetz, wat Locatairë stäerkt. (…) Natierlech geet de Präis duerch d’Hausse vun der Demande an d’Luucht. Hätte mir dat Gesetz gehat, wieren esou Haussen net méiglech gewiescht. Déi 3 bis 3,5 Prozent sinn och studéiert ginn, dat ass eng realistesch Moyenne, an den Invest bleift nach ëmmer interessant”, erkläert d’Semiray Ahmedova vun Déi Gréng.
Quitt, datt d’LSAP ee Moment och dogéint war, mä no Amendementer nees dofir ass.
D’DP kënnt der Oppositioun entgéint a wier bereet, den Deckel erauszehuelen. De Claude Lamberty betount: “A wa mir dann zum Beispill géife schwätzen an driwwer nodenken, wat mécht Sënn? Wat hëlleft och dem Marché? Wat hëlleft och den Investisseuren? Well mir brauchen déi. Dat däerf op kee Fall verdäiwelt ginn, do weise mir eis als demokratesch Partei oppen a gespréichsbereet.”
Fir d’CSV soll een net nëmmen ophalen, den Investisseur ze verdäiwelen, am Géigendeel: Dee wier elo dringend gebraucht, fënnt de Marc Lies:
“Et muss ee wann eng nei Regierung sech zesummesëtzt, wierklech Zäit huelen a kucken, wat sinn do effektiv Elementer, déi positiv sinn an deem Gesetz? Well där ginn et der och, mä et ginn awer och Elementer, déi net ganz positiv sinn, wat elo de Logementsmaart ugeet. Mir musse Confiance nees schafen an dee Logementsmaart. Mir brauchen Investisseuren, déi nees an de Steen investéieren, mir brauchen och Leit, déi d’Suen hu fir z’investéieren.”
Ausserdeem misst een “e gewëssenen Equiliber” an de Wuesstem bréngen, erkläert de Marc Lies vun der CSV. Eppes, wat och der ADR no an der Politik eng Prioritéit misst sinn.
D’ADR gesäit keng Noutwennegkeet fir en neit Gesetz, och fir si wier et wichteg, den Investment an de Steen nees interessant ze maachen. Et proposéiert een, och méi héich Akommesklasse fir d’Loyerssubsiden eligibel ze maachen an dee Subside reegelméisseg un d’Inflatioun unzepassen..
D’Gesetz koum jo net duerch d’Chamber. Fir déi Lénk ass de Projet net wäit genuch gaangen, fir d’Piraten, d’ADR an och d’CSV gehéiert dat ganzt zeréckgezunn. Fir si wier eng Piste, datt een de Locataire méi Subside kéint ginn. Oder wéi d’Piraten a Volt proposéieren, en Deel vum Loyer vun de Steieren ofsetzbar ze maachen. Ausserdeem verspriechen d’Piraten e sougenannte “Mietpreisspiegel": “Wann Dir dann 10 % ënnert den Duerchschnëttspräisser vun Ärem Quartier géift leien, misst Dir dann op Ärem Revenu manner Steiere bezuelen, sidd Dir 10 % driwwer, bezuelt dir méi en héijen Taux”.
Eng Iddi, déi och bei de Regierungsparteie gutt ukënnt: Fir d’LSAP kéint een och e weidere Steierkredit aféieren. D’DP proposéiert eng steierfräi Primm vum Patron fir jonk Salariéen. Dat géing och Betriber bei der Sich no Salariéen hëllefen. Eng Win-Win-Situatioun also.
Bei all deene Propose bleift natierlech ëmmer d’Fro: Wie bezilt?
Wéi d’Parteien hir Logementsmesurë finanzéieren an d’Offer eropsetze wëllen, kucke mir eis an enger nächster Episod un.