
Zu Lëtzebuerg baséiert den Homeoffice op verschidde Prinzippien. Eng dovunner beseet, datt ee sech mat sengem Patron muss driwwer eens ginn, wann ee vun doheem aus schaffe wëll. Ouni dësen Accord ass et net méiglech.
Den Télétravail ass nämlech am Grand-Duché weder eng Obligatioun nach e Recht. Dat heescht, datt Dir net automatesch Homeoffice ze gutt hutt, ma och kann äre Patron Iech net zwéngen, vun doheem aus ze schaffen, wann Dir dat net wëllt.
Zanter der Coronapandemie awer ass dës Aart a Weis ze schaffen, bei ville Leit awer ëmmer méi beléift ginn a gëtt och bei ville Cheffen als Virdeel gesinn, fir Leit am Betrib ze halen oder neier an de Betrib ze kréien. Leider ass den Télétravail awer net an all Beruff méiglech.
Sollt ee mat sengem Patron dann en Accord fonnt hunn, ass et net schlecht, dëst och schrëftlech festzehalen, fir datt ebe béid Parteie schwaarz op wäiss hunn, wéi zum Beispill den Homeoffice ofleeft, wat den Employé alles vun doheem aus dierf maachen, op wat hien Zougrëff huet, a wéi vill Stonnen den Employé ze gutt huet.

Fir Leit, déi net zu Lëtzebuerg ugemellt sinn, gëllt et, e besonnesche Bléck op d’Stonnen ze werfen, déi ee vun doheem aus schafft. Och wann äre Patron Iech zum Beispill 3 Deeg pro Woch accordéiert, kann et sinn, datt dëst awer net avantagéis ass.
Well, sollt een iwwert eng bestëmmten Zuel un Deeg kommen, 34 Deeg fir all eis Nopeschlänner, muss een déi a sengem Heemechtsland versteieren an net méi, wéi bei de Schaffstonnen um Büro, zu Lëtzebuerg. Et kann een duerchaus awer iwwert dës Deeg erausgoen, ma da muss een och am Heemechtsland eng Steiererklärung ofginn.
An och mam Sozialsystem muss een oppassen. Ze vill Stonnen am Homeoffice kënne bedeiten, datt ee vum Lëtzebuerger Sozialsystem automatesch an deen aus Däitschland, der Belsch oder aus Frankräich rutscht an och dann do muss bezuelen. Dëst ass an engem EU-Accord gereegelt. 49,9% vun de Stonne kann een am Télétravail maachen, ouni datt ee vum Sozialsystem aus dem Aarbechtsland an de Sozialsystem vum Heemechtsland fält. Zum Sozialsystem gehéieren ënner anerem verschidden Hëllefen, d’Allocatiounen awer och spéider eng Kéier d’Pensioun.
Weider Detailer an och verschidde Beispiller fannt Dir bei eise Kolleege vun RTL Infos.