Dir hutt d'Wuert / Am ReplayWat haalt dir vun den decidéierte Mesuren an der Exit-Strategie?

Claude Zeimetz
Claudia Kollwelter
En Donneschdeg tëscht 8.10 an 8.45 Auer konnt Dir eis live op Radio Lëtzebuerg Är Meenung soen.

Zanter engem Mount steet dat ëffentlecht Liewen zu Lëtzebuerg stëll, huet de Coronavirus eis all am Grëff. Wéi am Ausland, ass d'Regierung och hei am Land am gaangen d'Zäit nom Lockdown ze preparéieren, sollen an den nächste Wochen, wann d'Situatioun et erlaabt, Schrëtt fir Schrëtt, Aktivitéiten erop gefuer ginn.

Dir hutt d'Wuert - Resumé / Rep. Claudia Kollwelter

Deenen enge ginn d'Mesurë vun der Exit-Strategie ze séier, deenen aneren net séier genuch. Ganz ënnerschiddlech waren d'Reaktiounen en Donneschdeg de Moie bei eis op der Antenn, wou dir d'Wuert hat iwwert d'Annoncen, déi e Mëttwoch vun der Regierung gemaach goufen. Virun allem stelle sech vill Leit nach eng ganz Partie Froen. An dat zum Beispill, wat de sougenannte Mondschutz ugeet, dee jo vun e Méindeg un obligatoresch ass. Eng Mesure, déi generell begréisst gëtt, mä wou et nach Onkloerheete fir deen een oder anere ginn: wéi vill Maske kritt eng Persoun? Ass dat eng Mask fir direkt ewech ze geheien? Oder 3-5 Masken, déi ee ka wäschen? A wou huele mer d'Masken hier?

Dir hutt d'Wuert am Replay

Wärend vill Betriber erliichtert sinn, e Méindeg rëm dierfen unzefänke mat schaffen, geet et aneren ze séier: vun näischt op e Méindeg geet erëm sou vill op. Natierlech muss ee verstoen, datt d'Betriber erëm endlech mussen ufänke mat schaffen, mä am grousse Ganze fannen ech, datt d'Saachen ze séier elo all beienee kommen.

Wat d'Schoulen ugeet, déi jo och phaseweis lues a lues rëm ulafe wäerten, sinn d'Reaktiounen och ganz ënnerschiddlech. Vulnerabel Persounen zum Beispill maache sech an deem Kontext Suergen: wéi mierken ech, wa mäi Kand trotzdeem eppes mat Heem géif bréngen? Ech si vulnerabel an hunn en eelere Mann bei mer wunnen. Ech fannen et gutt, datt eppes geschitt, lues a lues, mä wéi kontrolléiere mer dee Fall?

D'Kanner géife sech sécherlech doriwwer freeën, erëm an d'Schoul ze goen, mä ob dat déi richteg Decisioun war, dorun zweiwele verschiddener: ech mengen, dat ass ze verfréit, d'Schüler zréck an d'Schoulen ze schécken a riskéieren sech unzestiechen. Ech weess net, ob se souvill méi dovu profitéieren, wéi dat, wat se de Moment doheem maachen.

Donieft stellt sech d'Fro, wéi Enseignanten et maachen, déi selwer Kanner doheem hunn – vue datt déi jo just eng Woch iwwert déi aner an d'Schoul ginn.

Wat d'Froe vum Enseignement uginn, do wäerten et da wuel och en Donneschdeg de Mëtteg vum zoustännege Minister Claude Meisch weider Detailer ginn. D'Pressekonferenz ass um 14 Auer a gëtt natierlech bei eis live iwwerdroen.

LINK: De Livestream vum Radio

Back to Top
CIM LOGO