13.013 ageschriwwe WielerWat halen d'Escher vun der Walflicht?

RTL Lëtzebuerg
Et war méi lues ugaange wéi fir d'Gemengewalen am Juni, ma no an no koumen déi 310 convoquéiert Wieler a Wielerinnen an de Walbüro 14 an der Escher Gemeng.
Wat halen d'Escher vun der Walflicht?
Et war méi lues ugaange wéi fir d’Gemengewalen am Juni, ma no a no koumen déi 310 convoquéiert Wieler a Wielerinnen an de Walbüro 14 an der Escher Gemeng.

Am Ganze waren zu Esch 13.013 Wieler ageschriwwe fir d’Nationalwalen. Zu Lëtzebuerg gëtt et zanter 1924, also bal 100 Joer, d’Walflicht. Jidderee muss wiele goen, vun 18 Joer un. Ausname kënne gemaach ginn, wann een eng extra Déclaration d’impossibilité de voter ausfëllt a beim Parquet am Virfeld deposéiert. An och wann ee méi al wéi 75 Joer ass, ass ee vun der Walflicht fräigesprach, ma et kann een awer nach ëmmer goen, wann ee wëll. Ma dass dat hei am Land awer nach ëmmer sou ass, dass ee muss wiele goen, ass fir déi meeschte Leit positiv.

A ronn 30 Staaten op der Welt gëtt et nach eng Walflicht. An der europäescher Unioun gëtt et dat nach bei eisen Noperen an der Belsch, Bulgarien, Zypern an a Griicheland. An all den aneren EU-Länner ass et fräiwëlleg.

Back to Top
CIM LOGO