D’lescht Woch huet de Statec bekannt ginn, datt de Stroum d’nächst Joer ëm 60 Prozent méi deier géing ginn an de Gas ëm 17 Prozent, wann d’Energiepräisdeckele net méi gräifen. Déi Präisdeckele waren am Hierscht 2022 ënnert der blo-rout-grénger Regierung an der Tripartite decidéiert ginn, nodeems d’Präisser scho wéinst der ekonomescher Reprise post-Pandemie a wéinst dem russeschen Ugrëffskrich op d’Ukrain scho ferm geklomme waren. Si lafen also no enger Verlängerung bis Enn vun dësem Joer.
De Wirtschaftsminister Lex Delles (DP) sot d’lescht Woch schonn, hie géif dem Regierungsrot deemnächst Propositioune maachen, wéi et kéint weidergoen.

Mä wat huet den Energiepräisdeckel de Stéit bis elo iwwerhaapt bruecht? Fir e Stot an engem Eefamilljenhaus, deen e Gasverbrauch vun 2.500 Kubikmeter huet, huet sech de Gaspräisdeckel nawell gelount. D’lescht Joer wier d’Gasrechnung ouni Subside vun der Regierung op 5.010 Euro geklommen. Ma de Staat huet 2.510 Euro dovun iwwerholl. Dëst Joer ass den Undeel vum Subside op der Gasrechnung vun deem nämmlechte Stot mat 720 Euro net méi esou héich, datt well de Gas net méi esou deier ass an d’Rechnung och ouni Subside mat 3.250 Euro manner héich wier.
E Stot, dee 5.000 Kilowattstonne Stroum verbraucht, dee géif mat de Präisser vun dësem Joer ouni Subsiden eng Stroumrechnung vun 1.710 Euro kréien. Mä de Staat iwwerhëlt 610 Euro dovun.
Den Energiepräisdeckel kascht d’Regierung - déi viregt wéi déi nei - eng Staang Geld. D’lescht Joer waren et 311 Milliounen Euro fir Gas a Stroum zesummen, woubäi de Gas mat iwwer 200 Milliounen am meeschten an d’Geld geschloen huet. Fir dëst Joer sollen nach emol 289 Milliounen Euro dobäi kommen. Dëst Joer ass de Stroum, dee méi grousse Käschtefacteur. Alles an allem sinn et also 600 Milliounen Euro fir Stroum a Gas. Do dra sinn aner Mesuren, wéi de Subside um Heizungsmasutt, net mat aberechent.

Konkret gëtt de Stroumpräisdeckel op eiser Stroumrechnung iwwert de sougenannten Ausgläichsmechanismus ëmgesat. Dee belaascht normalerweis d’Stroumrechnung. Doriwwer bezuelen d’Konsumenten normalerweis Suen an de Klimafong an. Déi Sue gi gebraucht, fir déi garantéiert Tariffer fir d’Aspeisen aus den erneierbaren Energiequellen ze bezuelen. Ma de Moment kréie mer als Konsumenten iwwert dee Posten op der Stroumrechnung Suen zréck, amplaz datt mer der bezuelen. D’Fournisseure vun der Energie wëssen awer net, wéi vill hir Clientë verdéngen. Iwwert dee Wee ass also keng sozial Stafflung méiglech. Dat misst een iwwert d’Steiere maachen.
Dat hätt awer als Konsequenz, datt een den Impakt op den Inflatiounstaux net kéint offiederen. Déi méi deier Rechnunge géifen den Index vu de Konsumentepräisser an d’Luucht dreiwen, wat weider Indextranchen kéint ausléisen. Doduerch klammen d’Lounkäschte fir d’Betriber, wat d’Patronat an der Reegel bedauert, well et hir Kompetitivitéit géif reduzéieren.
Et géif och bedeiten, datt all d’Konsumenten als éischt emol déi méi deier Rechnunge misste bezuelen, d’Suen also virstrecken, ier se eppes vun de Steiere géifen zeréckkréien.
Doriwwer eraus huet déi nei CSV-DP-Koalitioun mat enger vun hiren éischte Mesuren de Steierbarême weider un d’Inflatioun ugepasst, fir de Bierger méi Kafkraaft zeréckzeginn. Sou datt et net ganz konsequent wier, wa se d’Bierger dës Präishausse géing encaisséiere loossen.

Wéi d’Energiepräisdeckelen agefouert goufen, huet ënnert anerem de Mouvement écologique kritiséiert, datt se keen Ureiz bidden, fir Energie ze spueren. An eisen Nopeschlänner ginn et aner Modellen. Do gëllt de Subside da beispillsweis just op en Deel vum Energieverbrauch – de Rescht sollen d’Leit wa méiglech aspueren.
Technesch wier et fir d’Fournisseure méiglech, esou eng Differenzéierung ze maachen. Ma Enovos no hu se och schonn ouni Ureiz gespuert: Tëscht aacht an 12 Prozent beim Stroum tëscht 2021 an Enn d’lescht Joer. An tëscht zéng an 20 Prozent beim Gas.