Wirtschaftsminister wëll nei Mesurë proposéierenOuni Energiepräisdeckel gi Stroum a Gas d'nächst Joer deier

RTL Lëtzebuerg
De Stroum kéint d'nächst Joer 60 Prozent méi deier ginn an de Gas 17 Prozent. Nämlech wann den Energiepräisdeckel Ufank 2025 net méi wierkt.
Ouni Energiepräisdeckel gi Stroum a Gas d'nächst Joer deier
De Stroum kéint d’nächst Joer 60 Prozent méi deier ginn an de Gas 17 Prozent. Nämlech wann den Energiepräisdeckel Ufank 2025 net méi wierkt.

Dat geet aus dem Statec senge neiste Inflatiounsprevisiounen erfir. Sollt d’Regierung keng zousätzlech Mesuren huelen, géif d’Inflatioun 2025 dann neess op 3,3 Prozent klammen. Op Nofro sot de Wirtschafts- a Mëttelstandsminister Lex Delles, hie géif an deenen nächsten Deeg a Wochen eng Propos fir de Regierungsrot maachen. “Ech wäert also eng Propos maachen, fir ze kucken, wéi ee ka fir 2025 d’Energie entweder deelweis offiederen oder wéi een do ka rauskommen.”

Wéi déi Mesurë fir 2025 kéinten ausgesinn, konnt de Lex Delles elo nach net soen. Ma op d’Fro, ob dës Koalitioun net léiwer méi sozial gestaffelt Moossnamen hëlt, sot hien, déi viregt Regierung hätt versicht, en Equiliber ze fannen tëscht Mesurë fir d’Kafkraaft a géint d’Inflatioun. Ma d’Inflatioun an de Grëff kréien, esou de Minister, “dat geet nëmmen doduerch, datt ee generell den Energiepräis deckelt.”

Hien huet betount, datt déi vun der Tripartite decidéiert Solidaritéitspäck gewierkt hunn. Ouni déi Mesuren, huet de Statec berechent, wier de Gas 2022 34 Prozent méi deier gewiescht, d’lescht Joer 60 Prozent an dëst Joer 29 Prozent. De Stroum wier d’lescht an dëst Joer 65 Prozent méi deier. An ouni dës Mesuren, esou de Statec weider, wiere vu Mäerz 2022 u siwen Indextranchë fälleg amplaz déi véier, déi et zanterhier gouf.

D’lescht Joer huet de Gaspräisdeckel de Staat 202,5 Milliounen Euro kascht an d’Mesure, fir de Stroumpräis ze stabiliséieren, 108,5 Milliounen Euro. Fir dëst Joer solle viraussiichtlech eng weider 65 Milliounen Euro fir de Gas an 224,5 Milliounen Euro fir de Stroum dobäi kommen.

De Moment geet d’Inflatioun zeréck. Am Januar louch den Taux, op ee Joer gekuckt, bei 3,4 Prozent an de Statec huet seng Previsioun fir dëst Joer no ënne revidéiert op 2,2 Prozent. Doduerch géif eng nächst Indextranche eréischt am 4. Trimester vun dësem Joer falen. Géife keng zousätzlech Mesurë wéinst den Energiepräisser geholl, da géif och am 3. Trimester 2025 eng Indextranche erfalen.

D'Schreiwes vun der Statec iwwer d'Inflatiounsprevisioune fir 2024.

Back to Top
CIM LOGO