
Mir sinn eréischt an der Mëtt vun 2022 an et goufen dëst Joer scho 35 Bëschbränn zu Lëtzebuerg wéinst dem Manktem u Reen an den héijen Temperaturen. 2021 waren et der net méi wéi 30.
Laut CGDIS wier d’Präventioun nach ëmmer déi effikassten Aktioun géint d’Bëschbränn an dofir misst ee sou virsiichteg a responsabel sinn, wéi et nëmme geet.
Et soll een zum Beispill net mam Auto duerch Felder a Bëscher fueren oder Accèsen zu Bëschweeër blockéiere falls d’Pompjeeën duerch mussen. Et soll ee keng Glaasfläschen oder Zigaretten an d’Natur geheien. Grille soll een nëmmen op Plazen, déi dofir virgesi sinn, an et soll een op kee Fall d’Kuelen duerno an d’Graas geheien.
D’Bauere solle beschtefalls e Feierläscher an hirem Won hunn, fir kënne Feier auszemaachen. D’Motore solle reegelméisseg kontrolléiert ginn, fir technesch Probleemer ze vermeiden. Net benotzten Zetäre kënne mat Waasser opgefëllt ginn, fir d’Pompjeeën a Fäll vu grousse Bränn z’ënnerstëtzen.