Kanner manner betraffWat sinn d'Covid-19-Erfarungen an der Kannerklinik?

RTL Lëtzebuerg
Kanner si jo net esou vu Covid19 betraff wéi Erwuessener. Dat weisen och Zuelen.
Wat sinn d'Covid-19-Erfarungen an der Kannerklinik?
Kanner si jo net esou vu Covid19 betraff wéi Erwuessener. Dat weisen och Zuelen.

Och an der Kannerklinik geet d'Zuel vun de Corona-Infektioune lues zeréck. An de leschten 10 Deeg wiere keng nei Fäll dobäikomm. E Méindeg goufen et nach 3 Verdachtsfäll, den Test koum awer negativ zeréck.

Bis e Méindeg de Moie goufe bis ewell 108 Kanner a Jonker ënner 18 Joer positiv op de Coronavirus getest. 11 vun hinnen hu missen hospitaliséiert ginn. 2 jonk Patiente krute souguer intensiv Soinen, si konnten d'Spidol awer mëttlerweil nees verloossen. Déi allermeescht vun de betraffene Kanner hate keng Virerkrankungen. Esou d’Erfarungen, déi d’Kannerklinik bis ewell gemaach huet.

Covid-19 an der Kannerklinik - Reportage Tim Morizet

Aktuell sinn 3 Kanner mat Verdacht op Covid19 an der Kannerklinik op enger isoléierter Unitéit hospitaliséiert. Ënner hinnen och e Puppelchen, deen nach op säin Testresultat waart. Déi meescht Kanner si jo asymptomatesch, ma wa se Symptomer hätten, wieren et dacks anerer wéi bei den Erwuessenen.

D'Dr Isabel De La Fuente – Kannerdoktesch, Covid-Stack Kannerklinik:

Cela peut aller avec des tableaux digiestifs. On a rarement déjà eu des tableux neurologiques avec des convulsions, des tableaux respiratoires ou alors une fièvre qui est mal toléré chez un tout petit.

Well d’Symptomer diffus sinn, test een an der Kannerklinik relativ vill. Och Kanner, déi an d’Urgence kommen. An natierlech déi, wou d’Eltere de Coronavirus hunn. Den internen Erfarungen no schéngen et net d’Kanner ze sinn, déi ustiechen.

C’est rassurant pour nous, c’est rassurant pour l’ouverture des écoles: la plupart du temps, c’est les parents qui sont infectés avant les enfants. Dans nos statistiques, 9 cas sur 10 de nos enfants infectés, il y avait un parent qui était malade avant.

Fir d’Kanner an déi Fréigebuerener op der Intensivstatioun net a Gefor ze bréngen, goufen hei an der Cohorte, der isoléierter Statioun, 2 Zëmmeren ageriicht, fir positiv geteste Kanner, déi Komplikatioune maachen.

Sandra Lieser– Chef vum Service vun der Pediatrie:

Hier haben wir Material, Monitoring, wir haben alles. Wenn ein Kind intubiert werden müsste, bringt die Reanimation einen Respirateur mit und es kommt auch Personal aus der Intensivstation plus ein Arzt.

Bis ewell hu just zwee Kanner intensiv Soine gebraucht. Intubéiert a beotemt hu si awer net misse ginn.

Dr Isabel De La Fuente:

Ils avaient des manifestations respiratoires, ils avaient des pneumonies. Mais ce n’est pas la pneumonie qui les a mis dans un état critique. Chez nous c’était une défaillance cardiaque avec une inflammation du coeur.

Dësen zwee Kanner géif et awer nees gutt goen, si wieren nees doheem. Wat d’Alterspan vun den hospitaliséierte Kanner ugeet, sou reecht dës vum 6 Wochen ale Puppelchen bis zum 15 Joer ale Jugendlechen. Am uergste betraff wäre bis ewell Kanner am Grondschoulalter gewiescht. Déi meescht Kanner, déi hospitaliséiert goufen, hätte keng Virerkrankunge gehat.

On suit ici à la clinique beaucoup d’enfants avec des pathologies chroniques. On en a eu quelques uns qui se sont infectés, mais qui n’ont pas nécessité de soins spécifiques. Ils n’étaient pratiquement pas malades. La plupart des enfants qui étaient ici, c’étaient des enfants en bonne santé préalable.

Hospitaliséiert Kanner mat Covid-19 dierfen iwwregens de Papp oder d’Mamm bei sech am Zëmmer hunn. Dësen Elterendeel dierf awer dann och net méi eraus, bis d’Kand entlooss gëtt. Och an der Kannerklinik mierkt een, datt Zuel vu Corona-Infektiounen zréckgeet.

Back to Top
CIM LOGO