De Fluch huet Verspéidung, oder ass ganz annuléiert. 3.000 Passagéier waren um Sonndegowend betraff. Problematesch wier Schnéi prinzipiell net, ma hei war et eng rutscheg Mëschung vu Schnéi a Waasser, mat där d’Sécherheet net méi garantéiert gewiescht wier. Am Wanter wier et net aussergewéinlech, dass d’Wieder zum Probleem gëtt, ma déi verschidde Servicer hätte gutt reagéiert a sech ëm d’Situatioun gekëmmert, esou de Lorenzo Di Loreto, Chief Operating Officer vu Lux-Airport. Natierlech wiere Passagéier net onbedéngt frou, wann hir Rees holpreg ufänkt oder ophält, ma d’Sécherheet misst ëmmer Prioritéit hunn.
Wat maache bei Annulatiounen oder Retarden?
Bei Probleemer vun engem Lëtzebuerger Resident mat enger grenziwwerschreidender Rees ass den Europäesche Konsumenteschutz (CEC) den Uspriechpartner. Soss gëtt et den National Enforcement Body (NEB) oder d’Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC). Wann een onsécher ass, wien de richtegen Uspriechpartner ass, kann ee sech un ee vun hinnen adresséieren; wann et iertemlecherweis dee Falschen ass, gëtt de Message un dee Richtege weidergeleet.
Als éischt Etapp sollt de Passagéier ëmmer d’Fluchgesellschaft direkt kontaktéieren, wichteg wier do, all d’Dokumenter ze halen, ob déi ee sech bezéie kann.
Bei Annulatiounen ass et prinzipiell esou, dass ee soll e Remboursement oder en neie Vol amplaz kréien. Nieft dem Remboursement huet de Passagéier eventuell eng Entschiedegung zegutt. D’Reglementatioun an der Tabell soll an Zukunft ugepasst ginn, heescht et vum CEC.

Esou eng Entschiedegung ass awer net ëmmer méiglech, notamment an engem cas de force majeure. Dorënner och de Fall vum Sonndeg, wou et mam Schnéi zu meteorologesche Probleemer koum.
Tëscht Retard an Annulatioun gëtt et kee groussen Ënnerscheed, wéi d’Prozedur spéider ausgesäit, erkläert d’Sabrina Lahène, Expertin beim NEB: “Mir froe Preuven u bei der Airline, an d’Airline huet 2 Méint Zäit fir eis z’äntweren. A mir sinn am Echange mat der Airline a mir kucken dann op d’Indemnitéit fälleg ass oder net, an dat hänkt dann of, ob aussergewéinlech Ëmstänn virloungen oder net.”
Wann de concernéierte Passagéier en alternativen Trajet proposéiert kritt, kann dat eng aner Zort vun Transport sinn, an et ass méiglecherweis nach de selwechten Dag, oder zu engem spéideren Zäitpunkt. An do gëllt: “Si, par exemple, vous arrivez un jour plus tard à la destination qui était prévue, et vous perdez, on va dire, la nuit d’hôtel que vous aviez prévue cette nuit-là, ça ce ne sera pas couvert par la compensation qui est prévue quand le problème de vol n’est pas dû à un cas de force majeure. Donc dans une situation comme celle qu’on a rencontrée avec notamment des problèmes météo, là ce sera une perte pour le passager,” esou d’Julie Jasson, Juristin beim CEC.
Cas de force majeure
Op d‘Nofro, wat dann als aussergewéinlech Ëmstänn gëllt, gëtt et keng konkret Äntwert. “C’est quelque chose qui n’est pas défini clairement. Il n’y a pas une loi, il n’y a pas une liste des cas de forces majeures. Il y a ce qu’on appelle la jurisprudence, donc des juges qui ont décidé dans différentes affaires : ça c’était un cas de force majeure, ça non. Ce qu’on peut dire de manière générale c’est qu’une force majeure doit être extérieure à la compagnie aérienne,” erkläert d’Julie Jasson, oder et missten Ëmstänn sinn, déi net previsibel wieren, an déi een net kéint verhënneren.
Wallis verluer oder beschiedegt
Eng Wallis gëllt no 21 Deeg als verluer. Wann d’Gepäck net mat ukënnt, sollt dat och direkt um Fluchhafen deklaréiert ginn an et sollt een de Fluchhafen net verloossen, ier ee schrëftlech confirméiert huet, dass d’Wallis net ukomm ass. Och hei gëllt, seng Dokumenter all ze halen. Wann d’Gepäck net op der Vakanzendestinatioun ukënnt, kann d’Persoun dat, wat se muss als Ersatz kafen, rembourséiert kréien, soulaang den Akaf raisonnabel ass, esou d’Julie Jasson. Och do: all d’Pabeieren an d’Rechnungen halen. Bei Probleemer mam Bagage ass et de CEC, deen de richtegen Uspriechpartner ass.