Renovatioun virundreiwenMouveco presentéiert Néng-Punkte-Plang fir Stäerkung vum Bauen am Bestand

Diana Hoffmann
De Mouveco an den Oekozenter Pafendall hunn op enger gemeinsamer Pressekonferenz eng Néng-Punkte-Plang presentéiert, fir d'Renovatioun zu Lëtzebuerg virunzedreiwen.

5-10 Prozent vun de Gebaier zu Lëtzebuerg sti Schätzungen no eidel. D’Renovéierung, d’energeetesch Sanéierung an dono d’Notzung vun dëse Gebaier wier en zentraalt Element am Ressourcen- a Klimaschutz, sou wéi och e wesentleche Bäitrag an der Bekämpfung vum Manktem u Wunnraum, soen de Mouvement écologique an den Oekozenter Pafendall op enger gemeinsamer Pressekonferenz.

Dofir soll ënner anerem e Bau-Reegelwierk ausgeschafft ginn, wat den nationale Klimaziler gerecht gëtt an en Ënnerscheed tëscht Neibau an Ëmbau mécht. Awer och eng Verdichtung vum existente Wunnengsbestand wier wichteg. Energeetesch Sanéierung soll da vereinfacht ginn, andeem d’Bestëmmunge vum PAG a PAP geännert ginn. Ënner anerem wat d’Ofstandsreegelen zum Noper ugeet, wann Dämmaarbechte realiséiert ginn.

Dëst si just e puer Beispiller aus engem Néng-Punkte-Plang, dee presentéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO