No uergen Onwiederen Ufank FebruarEU-Landwirtschaftskommissär Hansen a Portugal, fir Baueren z'ënnerstëtzen

RTL Lëtzebuerg
No den uergen Onwiederen Ufank Februar a Portugal ass den EU-Landwirtschaftskommissär Christophe Hansen dohi gereest, fir de Baueren a Produzente Solidaritéit auszeschwätzen.
Den EU-Kommissär Christophe Hansen poséiert fir eng Foto virun engem Interview am EU-Haaptsëtz zu Bréissel den 28. Mäerz 2025.
Den EU-Kommissär Christophe Hansen poséiert fir eng Foto virun engem Interview am EU-Haaptsëtz zu Bréissel den 28. Mäerz 2025.
© JOHN THYS/AFP

Portugal war haart getraff gi vun de Wiederen uganks Februar. Vill Bauere si mat groussem Schued konfrontéiert. Dofir ass den EU-Kommissär fir Landwirtschaft Christophe Hansen en Dënschdeg an de betraffene Regiounen, fir sech e Bild vun der graver Situatioun ze maachen.

De Lëtzebuerger ass an de Regioune ronderëm d’Flëss Tajo, Mondego a Lis ënnerwee a beim Bësch Pinhal de Leira. De Christophe Hansen begéint och de portugiseschen Agrikulturminister José Manuel Fernandes.

Et géif dem Kommissär drëms goen, de portugisesche Baueren a Produzenten d’Solidaritéit vun der Kommissioun auszeschwätzen. Wann ee Land vun der Unioun géif leiden, wäre mir all schlecht drun, esou de Christophe Hansen an engem Statement, dee säi Büro verbreet huet. “For me, being on the ground to assess the damage and listen to impacted farmers is a necessity. When one country of our Union suffers, we all suffer. I want to say to farmers: the European Commission is by your side and will support you. In my meetings, I will discuss also with the authorities the possibilities that exist for relief and support. First, we grieve and then we rebuild, together.”

Natierlech géif um Terrain och gekuckt ginn, wéi d’Kommissioun de Baueren hëllefe kann.

Back to Top
CIM LOGO