Virun allem well se doduerch Zäit verléieren. Zënter dem Ufank vum Confinement kontrolléiert déi däitsch Police verstäerkt d’Dokumenter vun de Frontalieren. Mir hu mat Frontalieren an der Police iwwert déi aktuell Situatioun geschwat.
Wien an Däitschland wëll pendelen, muss Gedold matbréngen. Ma vill Leit adaptéiere sech un d'Situatioun a fannen et gutt, datt Kontrollen gemaach ginn.
Ee Lëtzebuerger, deen zu Bitburg wunnt, ma zu Veianen am Fleegesekteur schafft, seet awer, e wier vun der däitscher Police schikanéiert ginn.

Déi däitsch Police kontrolléiert virun allem d’Pabeieren. D’Leit mussen e Pendlerschäin, eng Carte d’identité an eng Meldebescheinigung bei sech hunn. D’Meldebescheinigung ass een Dokument fir déi Leit, déi net déi däitsch Nationalitéit hunn, ma an Däitschland wunnen. Wéi et vun der Police heescht, géifen d’Leit awer wéineg Zäit bei de Kontrollen verléieren.
Besonnesch a Rheinland-Pfalz huet d’Police Kontrollen un der Grenz verstäerkt. Bannent enger Woch ginn um Markusbierg tëscht 25.000 a 30.000 Chauffeuren kontrolléiert.
Bis de 4. Mee wëll Däitschland seng Grenzen mat den Nopeschlänner weiderhin iwwerwaachen. Rheinland-Pfalz ass awer a Gespréicher mam däitschen Inneministère, fir weider Grenzbrécken opzemaachen.
Well de Gros vun de Grenzbrécken zou ass, musse weiderhin vill Pendler gréisser Ëmweeër a Kaf huelen.
