Wäibau op der MuselWéi beaflosst de Buedem de Wäin?

Fanny Kinsch
Kevin Kayser
D’Lëtzebuerger Wäibauinstitut schafft den Ament mat enger däitscher Entreprise un engem Projet, fir d’Buedemprofiller a verschiddene Wéngerten ze weisen.
Op der Musel: De Wäin an de Buedem
Wéi gesäit de Buedem laanscht d’Musel aus a wéi kënnen d’Wënzer Informatiounen iwwert de Buedem notzen, fir e spezifesche Goût beim Wäin ze kréien?

Wéi gesäit de Buedem laanscht d’Musel aus a wéi kënnen d’Wënzer Informatiounen iwwert de Buedem notzen, fir e spezifesche Goût beim Wäin ze kréien? Duerch e Projet vum Wäibauinstitut mat enger däitscher Entreprise sollen d’Wënzer hire Clienten dat besser erkläre kënnen.

Op der Musel: de Wäin an de Buedem - Rep. Fanny Kinsch

De Geolog a Kënschtler Michael Veerhoff hëlt dofir Ausschnëtter vun 1 Meter 20 Déift aus dem Buedem a mécht Biller dorausser – dës kënnen d’Wënzer ausstellen, fir zum Beispill hire Clienten z’erklären, firwat se wéi eng Drauwen hei uplanzen. Informatiounen iwwer de Buedem hëllefen dem Wënzer bei senger Aarbecht, seet de Michael Veerhoff:

Sie können zum Beispiel in der Wahl der Rebsorte Entscheidungen treffen helfen oder in der Art, wie der Boden bearbeitet werden muss, sie können entscheiden, ob zum Beispiel organische Substanz noch aufgegeben werden muss und so weiter. Das sind Dinge, mit denen der Winzer schon arbeiten kann.

An Zesummenaarbecht mam Fuerschungsinstitut List analyséiert den Institut viti-vinicole zanter e puer Joer d’Biedem laanscht d’Musel. No der Reform vun de Qualitéitskritären an dem Aféiere vum Label "Appellation d’origine protégée" wollt ee méi Informatiounen iwwert d’Profiller vun de verschiddene Biedem, seet den Direkter vum Institut viti-vinicole Robert Ley:

Do wëlle mer erëm méi op den Terroir iwwergoen. Den Terroir, dat ass zwar an engem wäitste Sënn net nëmmen de Buedem, mä och de Wënzer an och d'Klima. De Buedem, dee spillt eben eng ganz grouss Roll an deem Sënn, dass virun allem an deenen ieweschte Schichten d'Mineralie vu Buedem zu Buedem a verschiddene Konzentratioune vorhande sinn an déi dem Wäin hir Charakteristike ginn.

Op der Musel géifen et zwee Haapttype vu Biedem ginn. Tëschent Briedemes a Waasserbëlleg wiere Kallekbiedem an am Haff Réimech, see de Robert Ley:

Hei uewen am Haff Réimech, do handelt et sech haaptsächlech ëm Keuperbiedem, Argylocalcaire am Fong geholl, déi zu ganz anere Wäiner féieren, déi zu méi kräftegen, méi breede Wäiner féieren, woubäi am Kanton Gréiwemaacher haaptsächlech Wäiner sinn, déi méi elegant sinn, awer net sou staark, net sou breet sinn.

De Robert Ley iwwer d'Buedemprofiller

D’Biedem laanscht d’Musel wiere ganz ënnerschiddlech – mam Michael Veerhoff senge Wierker soll dat an Zukunft besser kenne gewise ginn.

Back to Top
CIM LOGO