Ëmfro ënnert de BauerenWéi bréngt ee Landwirtschaft an Naturschutz méi no beieneen?

RTL Lëtzebuerg
D'Auteure vun der Ëmfro kommen zur Conclusioun, datt Baueren, déi hire Betrib weider wëllen entwéckelen dacks mat laange Prozedure geplot sinn.
Ëmfro ënnert de Baueren: Wéi bréngt ee Landwirtschaft an Naturschutz beieneen?
D’Auteure vun der Ëmfro kommen zur Conclusioun, datt Baueren, déi hire Betrib weider wëllen entwéckelen dacks mat laange Prozedure geplot sinn.

Dréchent wéi lo grad, awer och extreme Reen an Iwwerschwemmungen: D‘Bauere sinn a bleiwen ofhängeg vum Wierder. Se spieren de Klimawandel als ee vun den Éischten, 61 vun 72 Befroten wëlle sech och sou gutt et geet dorops astellen, souwuel iwwert den Ausbau vum Haff wéi och iwwer verschidde staatlech Programmer. Dat war ee Resultat vum Sondage, deen allerdéngs net representativ wëllt sinn: Maximal hu 5 % vun de Lëtzebuerger Baueren op d‘Froe geäntwert.

Ëmfro ënnert de Baueren: Wéi bréngt ee Landwirtschaft an Naturschutz beieneen?

Wann et dann un d‘Bau- Geneemegunge geet, stéiere sech zwee Drëttel vun de Baueren dorun, dass déi verschidden Administratioune sech an d‘Queesch kommen: Beispillsweis seet de Landwirtschaftsministère jo zum neie Projet, an d‘Naturverwaltung nee, oder d‘Ufuerderunge widdersprieche sech. Dat kascht Zäit a Suen. Fir dat z‘evitéieren, bräicht een eng besser Kommunikatioun tëscht den Acteuren.

Dofir gëtt virun allem e guichet unique gefuerdert explizéiert den Tom Van Bossche. Hien ass landwirtschaftleche Beroder a Schnëttstell tëschent Baueren an Oekozenter. “Net dass e Bauer op déi verschidden Administratioune muss lafen, fir verschidden Äntwerten ze kréien. E brauch eng global Plaz, wou e seng Froe stelle kann an Äntwerten op déi verschidde Problemer kritt.”

Ausserdeem géingen d‘Baueren mëttlerweil bal fäerten, dass op hire Grondstécker nei Liewensraim entstinn- do ass et d’Angscht, dann an Zukunft guer näischt méi do ubauen ze kënnen. Fir dat Schafe vu Biotoper an d‘Participatioun un de speziellen Ëmweltschutzprogrammer méi attraktiv ze maachen, misst och d‘Bezuelung stëmmen, souwuel um Marché wéi och iwwert d‘Entschiedegungen.

Wat déi verschidde Fërderprogrammer betrëfft, recommandéieren d’Landjugend an d’Jongbaueren zesumme mam Oekozenter Pafendall, d’Virdeeler dovunner besser ze kommunizéieren. Donieft geet et ville Baueren net duer, wann hier Efforten a Saachen Natur an Ëmweltschutz just kompenséiert ginn. De Luc Emering, de President vun der Landjugend a Jongbaueren. “Dat heescht, wa mer bei engem Programm matmaachen, gi mer entschiedegt, mä eigentlech ass dat Ganzt jo och en Déngscht fir d’Allgemengheet also musse mer och kucken, wéi mer dat leeschtungsgerecht kënnen entlounen. Wa mer op e Primmesystem géife kommen, wou et ëm Remuneratioun amplaz Kompensatioun geet, dann hätte mer nach vill méi Succès bei de Baueren fir Programmer unzehuelen.”

Opfälleg ass och, dass verschiddenen Naturschutzmesure bei 86 Prozent vun de Befroten op Skepsis stoussen. Wéi d‘Propose sech mat dem rezent presentéierten neien Agrargesetz verdroen, weess een nach net, mee et wënscht ee sech e ronnen Dësch mat Vertrieder vu Landwirtschaft an Naturschutz.

Back to Top
CIM LOGO