D'Mondbild spillt grad bei dafen an héiergeschiedegte Leit eng wichteg Roll: Et ass esouwuel an der Gebäerdesprooch, ewéi och beim Lëpse-Liesen essentiell. D'Maggie Wohl ass vu Gebuert un daf. Well si als Kand gezwonge war, och lautsproochlech schwätzen ze léieren, ka si sech lautsproochlech artikuléieren. Si kann also zum Beispill an der Apdikt no engem Medikament froen. Wann doropshin awer eng Nofro gestallt gëtt, ka si dës duerch d'Mask net erkennen. An esou Fäll muss d'Maggie d'Personal froen, d'Mask kuerz erofzezéien oder d'Fro opzeschreiwen.
D'"Hörgeschädigten Beratung" zu Steesel ass fir héiergeschiedegt Persounen d'Ulafstell fir all d'Uleies aus dem Alldag. Wéi am Abrëll vun haut op muer d'Maskeflicht agefouert gouf, stounge vill Leit an och d'Berodung selwer virun enger grousser Ongewëssheet, well Alldagssituatiounen net méi esou funktionéiert hunn, ewéi virdrun. Et huet een iwwer Alternativen nogeduecht, wéi zum Beispill Maske mat enger klenger Plastiksfënster dran. Leider hunn dës sech net duerchgesat, well se mat der Zäit ulafen a verrutschen.
D'Technik vun de "Videocalls" kann a verschiddene Situatiounen aushëllefen, mee ass net ëmmer machbar, wéi d'Dolmetscherin Lynn Bidaine vun der "Hörgeschädigten Beratung" erkläert. Nieft dem Iwwersetze vu Pressekonferenzen a Chamberssëtzunge begleet si d'Leit och jee no Besoin privat. Fir kuerz Interventioune kritt ee sech noutfalls och mat Mask debrouilléiert, länger Gespréicher am Aarbechtskontext oder bei engem Dokter-Rendez-vous wäre mat Mask awer quasi net méiglech:
"An der Gebäerdesprooch ass d'Mondbild wierklech enorm wichteg, virun allem, wann ee kuckt: Schwëster, Brudder. Genee déi nämmlecht Gebäerd, awer d'Mondbild seet der, wat genee gemengt ass. Dat heescht, do bleift engem net vill aneres iwwreg, wéi d'Mask erofzezéie fir d'Gespréich. Dat heescht, ech klären dat da mam Dokter of: Ass dat ok? Ech stelle mech sou wäit ewech, wéi et nëmme méiglech ass, an dann ebe fir déi kuerz Sequenz zéien ech se erof."
D'Maggie Wohl ka sech virstellen, dass et hëllefräich kéint sinn, wa Verkeefer eng Mask mat Siichtfënster op der Säit leien hätten, déi se am Kontakt mat héiergeschiedegte Persounen notze kéinten. Dat géif Situatioune vermeiden, wéi si se scho méi dacks hat:
"Wenn ein Gehörloser fragt, die Maske kurz herunterzuziehen und er bekommt ein 'Nein!', dann ist das für uns immer ein Schock. Das bildet eine Barriere."
