
Déi Äntwerten, déi si den Deputéiert ginn huet, hunn duerch d'Bänk fir zefridde Gesiichter gesuergt.
D'Presidentin vun der Kommissioun, d'CSV-Deputéiert Diane Adehm, sot souguer no der Reunioun, si wier "ganz zefridden", iwwert dat, wat d'Ministesch ze soen hat an iwwert déi roueg a sachlech Sitzung.
Wat mir als CSV begréissen, dat ass, datt d'Ministesch eigentlech gesot huet, si géing d'Gesetz vun 1979 iwwert d'Aide(s) au logement nei maachen a si huet eis och zougesot, dass se do mol endlech géing alleguerten déi Termen definéieren, déi doruechter zirkuléieren, well iergendwann weess och kee méi, wou mer dru sinn. Soziale Mietwunnengsbau, Logement à coût modéré an an an. Et gi vun deene meeschte Saache keng offiziell Definitiounen."
Dat ass eng Recommandatioun vun der Cour des comptes, déi also ëmgesat gëtt. Doduerch soll eng méi kohärent Politik méi einfach gemaach ginn. An Zukunft soll et och e besseren Inventaire vun de Wunnenge ginn.
Den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo: D'Ministesch huet ugekënnegt, dass eng Plattform entsteet, wou ee kuckt, wat gëtt et un Offer am Moment u soziale Mietwunnengen, wat sinn d'Besoinen a wéi kann een déi Besoinen am beschten erfëllen?"
Bei de Locatiounen am subventionéierte Beräich solle méi Stufe kommen, sou datt méi Leit vun enger Hëllef kënne profitéieren.
D'Logementsministesch Sam Tanson: "Wann een ab engem gewëssene Revenu, deen een huet, wann een dann e bëssen "ze vill" verdéngt, da muss een op eng Kéier extrem vill Loyer bezuelen, wann een ënnert déi Conditiounen vum Logement social fält an dat wëlle mer ofstufen. Mir hätte gär e grousse Logement locatif abordable. Dat heescht, bezuelbare Locatiounsmarché, dee subventionéiert ass, jee no Revenue bezilt een ebe méi oder manner Loyer. Dat een do méi Mixitéit an d'Projeten erakritt an dass een och einfach méi verschiddene Kategorie vu Leit eppes am Locatiounssegment ubidden"
En anere Beräich, deen de Rapport vun der Cour des comptes thematiséiert, ass dee vum Zesummeschaffe mat de Gemengen. D'Ministesch ënnersträicht, datt si geziilt bei der Kreatioun vun erschwénglechem Wunnraum ënnerstëtzt ginn. An der Vente, mä virun allem an der Locatioun.
An deem Kontext sollen d'Gemengen d'Méiglechkeet kréien, sech e Conseiller au Logement ze deelen, esou wéi dat scho mat de Klimaberoder fonctionnéiert.