
“Déi Wollek ass iwwer Lëtzebuerg ënnerwee. Besser gesot, se war ënnerwee. An de leschten Deeg huet sech eng zonal Stréimung op der Nord-Hemisphär agestallt, woubäi den Damp, ausgeléist duerch déi grouss Unzuel u Bëschbränn a Kanada, a Richtung Europa gefouert gëtt. De Groussdeel vun der Wollek ass an der Nuecht vun Donneschdeg op e Freideg iwwer Lëtzebuerg gaangen. Aktuell ass d’Konzentratioun iwwer Ostdäitschland am gréissten.”
“E geréngen Undeel vun dëser Loft kënnt och bis op de Buedem. Zäitweis ware beispillsweis d’Wäerter vum Kuelemonoxid liicht erhéicht. Dëst war awer vu kuerzer Dauer an ass mat enger Loftqualitéit, wéi se dauernd a Groussstied ass, ze vergläichen. Sensibel Persoune kéinten dat spieren. Aktuell sinn d’Wäerter vum Kuelemonoxid nees am exzellente Beräich an och soss ass d’Loft am Moment vu gudder Qualitéit.”
“Dat kënnt duerch den Jetstream. E Staarkwand an enger Héicht vun ëm 10-12 Kilometer, dee sech iwwert der ganzer Hemisphär erstreckt a jee no Charakteristik, sou d’Loft aus Westen an eis Regioune bréngt.”