Ukrainer logéierenWéi einfach ass d'Zesummeliewe mat Refugiéen?

RTL Lëtzebuerg
An de soziale Medie sinn déi lescht Wochen eng ganz Rei Gruppen opgedaucht, wou Hëllef fir ukrainesch Flüchtlingen ugebuede gëtt.

Ëmmer méi Leit huelen op privat Initiativ Refugiéen entweder bei sech doheem op oder stellen hinne Wunnengen zur Verfügung. Mä wéi gutt funktionéiert dat Zesummeliewen?

Famillje logéiere Refugiéeën / Reportage Danielle Goergen

D’Sarah an de Jean-Paul Haas vu Fluessweiler hunn net laang gezéckt. D’Aarbechter-Wunnecht op hirem Päerdshaff war fräi. Hire Veterinär, den Edmond Meyers, hat op eege Fauscht d’Verdeele vun de Refugiéen ënnert de Päerdsleit organiséiert. Zanter knapp zwou Woche wunnt elo d’Famill Grygorenko bei hinnen. Déi wollten direkt eng Hand mat upaken, erkläert de Jean-Paul Haas.

“Si si keng Heescheleit a wëllen eis net op der Täsch leien. Si hunn direkt den zweeten Dag gefrot, ob se eppes kënne maachen. Et si Stater Leit, déi hunn nach ni eng Kou oder e Päerd gesinn. De Victor huet och gesot, hie wéilt Trakter fueren. Hien üübt elo... villäicht kréie mir dat nach hin.”

Fir d’Daria an de Victor ass dat selbstverständlech. A wann och nëmmen, fir op aner Gedanken ze kommen. Hir Welt ass op der Kopp. Elo musse si sech un eng nei Normalitéit gewinnen.

Deen éischten Dag hu mir alles falsch gemaach, mä et gëtt méi einfach. Mir sti moies op a kucken dann, wat mir maache mussen. Mir sinn immens frou, fir eppes kënnen ze hëllefen an hinnen d’Liewen esou e bësse méi einfach ze maachen.”

Fir d’Sarah Haas si si schonn en Deel vun der Famill. Trotzdeem misst een oppassen, wann ee sech iwwer sozial Medien engagéiert. Solidaresch ass gutt, mä et wier och net einfach, friem Leit bei sech an d’Haus ze huelen.

“Do wëll ech de Leit awer och soen, datt se mussen oppassen, well et sinn net ëmmer Gudder dobäi. Och deen anere Wee. Do si Leit, déi eppes proposéieren an déi sinn och net ëmmer ganz ‘propper’.”

Eriwwer op Bouneweg. D’Alina ass zesumme mat hirer Frëndin Elena aus der Ukrain geflücht. Hire Papp huet missen do bleiwen. Elo wunnen déi zwee jonk Meedercher beim Deborah Donckel. Si hu sech déi lescht Deeg gutt hei agelieft, ma hoffen awer iergendwann, nees kënnen Heem ze fueren.

Mir wären an e Foyer gaangen, mä do ass alles voll. Och a Polen an an Däitschland. Mir wëlle Leit wéi d’Deborah net stéieren. Mir verstinn, datt si gären hëllefen, mä mir kënnen dat net ze laang ausnotzen.”

Et wier a private Stéit natierlech fir béid Säiten eng komesch Situatioun. Et misst ee sech géigesäiteg vertrauen, obschonns ee friem ass. Mat de Meedercher gëtt d’Deborah gutt eens. Eng aner ukrainesch Fra, déi virdru bei hir war, hätt sech net wuel gefillt.

“Déi Madamm huet kee kannt. Si war immens nervös, hire Bouf war immens nervös... dofir... Ech fannen et gutt, wa Leit Famillje bei sech ophuelen an ech wollt dat jo och. Mä ech sinn net fir hir Situatioun preparéiert. Et ass gutt, datt si elo zu Tréier bei Frënn sinn.”

D’Regierung wier hirer Meenung no iwwerfuerdert. D’Hëllef vun de Benevolle wier fir den Ament einfach méi direkt. Den Interessi un esou Krise léist jo gemengerhand séier no.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO