An deem Kontext ass allgemeng d’Fro opkomm, wéi eng Kritären ee muss erfëllen, fir eng Betreiungsstruktur zu Lëtzebuerg kënnen opzemaachen?
Fir vum Staat eng Geneemegung, fir eng Crèche ze kréien, musse verschidden Norme respektéiert ginn. Reegelen, déi ënner anerem d’Qualifikatioun vun de Mataarbechter an de Personalschlëssel betreffen an donieft awer och d’Infrastruktur, also de Bau. Et muss een zum Beispill eng gewëssen Unzuel u Quadratmeter bannen a bausse kënnen ubidden. Eng Ekipp vum Ministère geet op d’Plaz sécherstellen, datt sämtlech Konditiounen agehale ginn. D’Sécherheet gëtt iwwerdeems vun der ITM kontrolléiert.
Aktuell ginn et 772 Strukturen hei am Land, an deene Kanner tëscht 0 an 12 Joer betreit ginn. Déi, déi privat gefouert ginn, beschränke sech an der Haaptsaach op de Klengkandberäich.