
War et Noutwier oder hätt de Polizist och en anere Moyen gehat? Dëser Fro wäert d’Geriicht an 2 Wochen nogoen an der Affär ëm déi déidlech Schëss, déi e Polizist viru bal 4 an engem hallwe Joer op en Auto ofginn huet. De Chauffeur hat net op d’Stoppzeeche vun dem Polizist reagéiert a säi Gefier a Richtung vun dësem beschleunegt. De Virworf géint de Polizist, dee viru Geriicht steet, ass virsätzlechen Doudschlag a Kierperverletzung. De Prozess geet de 27. September un a wäert iwwer e puer Woche goen.
De 27. Oktober wäert an enger anerer Affär, an déi Poliziste verwéckelt waren, en Urteel falen. Um Lausduer am Norde vum Land hate sech 2 Policegefierer an der Nuecht op de 14. Abrëll 2018 wärend enger Course-poursuite ze pake kritt. De Prozess war am Juli. Ugeklot waren de Chauffeur, dee sech der Policekontroll entzunn hat, an ee Polizist.
E weidere Prozess, fir deen et nach keen Datum gëtt, ass deen an der sougenannter Affär Dieschbourg/Traversini. Der fréierer grénger Ëmweltministesch gëtt virgehäit, hire fréiere Parteikolleeg bevirdeelegt ze hunn. Datt d’Carole Dieschbourg awer emol ka gehéiert ginn, muss d’Chamber fir d’éischt emol de gesetzlecher Kader an d’Rei maachen. D’Proposition de loi wier prett, a géing den nächsten Dënschdeg der Justiz- souwéi och der Instanzekommissioun virgeluecht ginn, confirméiert de President vun der Justizkommissioun Charles Margue.
Déi fréier Direktesch vun der Crèche Léif Léiwen zu Bouss muss sech dann Enn November viru Geriicht veräntwerten. D’Eltere vun de Kanner haten hei Enn 2017 Faiten denoncéiert, wéi zum Beispill, datt d’Kanner gezwonge goufen, Saachen z’iessen, déi se net wollten. De Parquet hat hei eng Enquête lancéiert.
Warscheinlech am Dezember geet de Prozess un, bei deem de fréieren Direkter vum Mudam, den Enrico Lunghi, Plainte gemaach hat. D’Fro, déi sech stelle wäert, ass, ob e Reportage, deen op RTL-Tëlee Lëtzebuerg gelaf ass, Faiten net richteg duergestallt huet. De Reportage hat zu der Demissioun Enrico Lunghi gefouert. De Prozess ass op 3 Deeg ugesat.
E weidere gréissere Prozess, op deem nach keen Datum steet, ass dann de Bommeleeër Prozess.