
D'Mënschheet huet vun en Donneschdeg u méi Akerland, Fëschbestänn oder Bësch opgebraucht, wéi fir ee Joer zur Verfügung stinn. Et gouf och scho méi CO2 ausgestouss, wéi Bëscher an Ozeaner ophuele kënnen. D'Organisatioun Global Footprint Network berechent Den "Earth Overshoot"-Dag, also den "Äerd-Iwwerbelaaschtungsdag", all Joers nei an dëst Joer fält en op den 30. Juni.
D'Mënschheet verbraucht déi natierlech Ressourcen ronn 73 Prozent méi séier, wéi sech d'Natur regeneréiere kann. Fir eise Verbrauch auszegläichen, misste mir also 1,73 Äerden hunn. Iwwer d'Joren ass den Overshoot Day ëmmer méi fréi am Joer erreecht ginn. Eng Ausnam war d'Pandemie-Joer 2020, wou d'Ressource vun der Welt vergläichsweis geschount goufen.

Lëtzebuerg hat säin nationalen Overshoot Day scho Mëtt Februar. Am internationale Verglach lant de Grand-Duché domadder op Plaz zwee vun deene Länner, déi hir Ressource fir d'Joer am séierste verbrauchen - direkt hannert dem Katar.
