Nom Accident zu MoskauWéi Fluchhafe-Pompjeeë sech op den Eeschtfall virbereeden

Olivier Catani
RTL konnt d'Pompjeeën op eng Übung a Frankräich begleeden.
VIDEO: Fluchhafen-Pompjeeën: Virbereet op den Eeschtfall
RTL konnt d'Pompjeeën op eng Übung a Frankräich begleeden a weist, wéi fir den Eeschtfall trainéiert gëtt.

41 Doudeger - dat ass den nach ëmmer provisoresche Bilan vum schroe Fliger-Accident e Sonndeg zu Moskau. Am Ganze waren 78 Leit u Bord. De Fliger hat kuerz nom Start missen noutlanden ... an huet dobäi Feier gefaangen.

Et ass en Zeenario, dee sech hoffentlech ni sou um Findel ofspille wäert. Mä wann, dann zielt fir d'Pompjeeën all Sekonn. RTL konnt si emol op enger Übung begleeden, déi weist, wéi d'Fluchhafe-Pompjeeë fir den Eeschtfall trainéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO