Mënsche mat AutismusWéi geet de Foyer zu Munzen mat der Corona-Situatioun ëm?

Christophe Hochard
Engem gesonde Mënsch erklären, dass een den Ament keen an den Aarm huelen dierf oder eng Mask undoe soll, ass einfach.
Mënsche mat Autismus
Wéi geet de Foyer zu Munzen mat der Corona-Situatioun ëm?

Ma wat ass mat Leit, déi dat net verstinn? En Donneschdeg, den 2. Abrëll 2020 ass den internationale Weltautismusdag.
Autismus ass vun der Weltgesondheetsorganisatioun als eng déif gräifend Entwécklungsstéierung definéiert.

Mir waren an de Foyer op Munzen kucken, wei d'Bewunner an d'Personal an Zäite vun der Corona-Kris liewen. 19 Mënsche liewen zu Munzen, eng 14 Persoune liewen am Foyer zu Rammerech. Bis ewell gëtt et nach kee Fall vu Covid-19 zu Munzen. Kéim et dozou, wier een op déi Situatioun preparéiert. Déi concernéiert Persoune kéimen an en Haus op Rammerech, wat den Ament nach net bewunnt ass.

Back to Top
CIM LOGO